arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Eclectic Harmonies

Eclectic Harmonies

Lauschteren play_arrow
headphones

56 min

De Saxophonist Adrien Soleiman annoncéiert fir de Februar den éischte Volume vu sengem neie Projet ‘BelleJazzClub'. An haut kenne mer an der Avant-Première den Titel ‘When The Magic Happens (Derrière le soleil)’ entdecken, gesongen vun der Halo Maud, paraïsser Auteure-Komponistin-Interpretin a Multi-Instrumentalistin.


Warhaus ass de solo Projet vum Maarten Devoldere (di eng Hallschecht vum Grupp Balthazar). Mir lauschteren eis de neien Album‘Karaoke Moon’ un wou de Maarten mat senger Stëmm experimentéiert…


Vill schéi Stëmmen haut bei One World notamment déi vum Sivert Høyem an déi vun der talentéierter Lëtzebuerger Singer-Songwriterin Yona vun hirer Debut-Ep ‘Eclectic Harmonies’.


De Schwäizer Label Bongo Joe presentéiert Raritéiten a seng Coup de Coeur'en op der Anthologie ‘Elsewhere CC’.


Mo' Horizons dat ass en Dj Duo vun Hannover. Op hirem leschten Album ‘Mango’ass de bekannten Gyedu-Blay Ambolley invitéiert, Songwriter, Museker, Produzent a Komponist aus dem Ghana. Hie wor iwwregens deen éischte Museker dee Rap Formen mat den lokalen Highlife Rhythmen verbonnen huet.


Playlist:

1. Jay-Jay Johanson - Cheetah - Rorschach Test

2. Adrien Soleiman & Halo Maud - When The Magic Happens (Derrière le soleil) - Single

3. Yannis & The Yaw - Under the Strikes (feat. Tony Allen) - Lagos Paris London

4. Warhaus - No Surprise - Karaoke Moon

5. Warhaus - I Want More - Karaoke Moon

6. Yona - In The Moonlight - Eclectic Harmonies

7. Madrugada - Hands Up - I Love You - The Nightly Disease

8. Ane Brun, Sivert Høyem - Prisoner of the Road

9. Ginger Bamboo - Stinlo - Elsewhere CC

10. Destroyer - Cue Synthesizer - Have We Met

11. Mo' Horizons - Mango Woman (feat. Gyedu-Blay Ambolley) - Mango Woman

12. Mulatu Astatke & Black Jesus Experience - To Know Without Knowing - To Know Without Knowing

13. Albi & The Wolves - Closing Time - This Is War

14. Ian Isiah - N.U.T.S - Single

Episoden

Näischt Neies ënner der Sonn

E Retour an d'60er a 70er Jore mat e bësse Museksgeschicht, Filmmuseken a Spaghetti-Western-Feeling aus Japan
headphones

57 min

play_arrow

Mas Que Nada

Netverëffentlechungen, e bekannte Samba-Track mat engem Twist, eng ontypesch Gangsterfilm-Musek an en Ausflug an d’Tierkei
headphones

56 min

play_arrow

Alpentöne

Mir verbleiwen e bëssen an den Alpen an héiere wéi d’Welt vun de Bierger d’Artisten déi do liewen inspiréiert. Duerno maache mir eis op fir de Rescht vun der Welt …
headphones

56 min

play_arrow

Must I Evolve? (JARV IS…)

Rhythmen aus der Guadeloupe, Haiti an Äthiopien, Groove & Dancefloor . Vill “Hip Shaking” haut, mee och emol de Kapp gëtt ageschalt a sech gefrot “must I Evolve?”
headphones

56 min

play_arrow

The Great Gig In the Sky

Venezuela, Martinique, Nigeria, Süd-Afrika, Nei-Zealand … sinn e puer Etappe vun der Emissioun

The Great Gig In the Sky

Venezuela, Martinique, Nigeria, Süd-Afrika, Nei-Zealand … sinn e puer Etappe vun der Emissioun
headphones

57 min

play_arrow

Gently Disturbed

E feine Songwriting aus Liberia, d’Ierwe vum Desert Blues an déi vum Flamenco mat engem Museker, dee Grenze weider denkt.

Gently Disturbed

E feine Songwriting aus Liberia, d’Ierwe vum Desert Blues an déi vum Flamenco mat engem Museker, dee Grenze weider denkt.
headphones

57 min

play_arrow

"The Outlaw Ocean" (Ian Urbina)

MotownInfluenzen, Jazz-Traditiounen, explizitte Songwriting an de Klang vun de mënschlechen Aventuren op de Weltmierer

"The Outlaw Ocean" (Ian Urbina)

MotownInfluenzen, Jazz-Traditiounen, explizitte Songwriting an de Klang vun de mënschlechen Aventuren op de Weltmierer
headphones

56 min

play_arrow

"Be yourself; everyone else is already taken" - Oscar Wilde

Den Afrobeat a seng Ierwen, staark Wierder fir Mënschlechkeet a Solidaritéit an en Trio, deen d’Oueren zum Danze bréngt.
headphones

56 min

play_arrow

Quand une porte se ferme, une autre s’ouvre

De Klang vu Saigon an de 70er Joren, eng Diva aus Westafrika, Country a Singer-Songwriting, souwéi eng exzeptionell Collaboratioun tëschent Virtuosen
headphones

56 min

play_arrow

“Sans la musique, la vie serait une erreur” - Nietzsche

E puer Disken, déi an all gudder Kollektioun hir Plaz hunn, e bësse Blues, deen d’Séil beréiert an eng impressionnant Rees tëschent Indien a Frankräich
headphones

56 min

play_arrow

Think twice, before judging

Soul, Blues, Gospel, Hoffnung, Léift … déi afrikanesch Diaspora kënnt zu Wuert a mir entdecken nei en Album aus den ufanks 70er Joren
headphones

56 min

play_arrow

“Be kind to one another” (David Byrne/Brian Eno)

D’Slogane vun der T-Shirt-Kultur, d’Fra als Objekt, roueg a poetesch Klanglandschaften aus Norwegen an e Lidd mat Kult-Status

“Be kind to one another” (David Byrne/Brian Eno)

D’Slogane vun der T-Shirt-Kultur, d’Fra als Objekt, roueg a poetesch Klanglandschaften aus Norwegen an e Lidd mat Kult-Status
headphones

56 min

play_arrow

“The Eternal Now” (Chip Wickham)

Facetteräich an originell Singer-Songwriter, Pärelen aus der englescher Jazzzeen a kuerz virum Startschoss e Bléck op d’Transmusicales vu Rennes
headphones

56 min

play_arrow

Trans Musicales

En Ausflug an d’Sahara, eng Etapp bei de Garifuna an e Bléck op d’Trans Musicales vu Rennes.
headphones

57 min

play_arrow

Un automne 2025

En eenzegaartege Songwriting, eng musikalesch Rees op de Spuere vum Sklavenhandel an e Bléck op d’Programmatioun vun den Transmusicales vu Rennes.
headphones

56 min

play_arrow

Hybrids and more

Afrobeat, Hybrid-Jazz, an e Retour an d’70er bei e Singer-Songwriter, op deen a Südafrika eng Iwwerraschung gewaart huet!