arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Do Angels Need Haircuts?

Do Angels Need Haircuts?

Lauschteren play_arrow
headphones

55 min

Deen neien Album vun DeWolff ass opgeholl an de legendäre Fame an Muscle Shoals Studioen, Alabama!

Imarhan gehéieren zu de jonke Vertrieder vun Tuareg-Museker, déi dem Assouf, dem Tuareg-Blues en neien Ausdrock verpassen. Wärend entretemps vill Produktiounen an de States realiséiert ginn, sinn Imarhan doheem bliwwen, am Häerz vun hirer Kultur, mat Vue op d’Wüst.

“Lost in Abstraction”, den Album vun der englescher Harfenistin Amanda Whiting ass an der Zäit vum Lockdown entstanen, eng Period, an där d’Welt gepaust huet, ouni Zäitkader, an e Moment, an deem d’Fragilitéit vum Liewe jidderengem bewosst gouf.

Mir entdecken en Text vum Lou Reed sengem Gedichtband “Do Angels Need Haircuts?”, an Éiere gehalen a revisitéiert vum Iggy Pop.

De Bassist, Komponist a Sänger Avishai Cohen ass an enger multikultureller Famill opgewuess, där hir Racinnen a Spuenien, Griichenland a Portugal ze fanne sinn.

An der Tierkei ass de Coşkun Karademir eng Institutioun. Hien ass e Meeschter op der Bağlama, eng Laang-Hals-Laute, déi och an Armenien, Aserbaidjan an am Iran benotzt gëtt.

De Rowan Alexander Sawday, besser bekannt mat sengem Artistennumm Dizraeli ass e brittesche Rapper a Museker, dee staark an den Hiphop Traditioune verankert ass. Hien inspiréiert sech un der aler Folktraditioun.

“Tempo Tempo!” huet de legendäre Batteur Tony Allen senge jonke Museker Fixi an Nicolas Giraud zougeruff, fir datt si mat sengem Rhythmus mathale sollen. D’Disparitioun vun dësem spirituelle Papp - elo gläich sinn et 5 Joer - den 30. Abrëll 2020, huet d’Realisatioun vun dësem Album an d’Weeër geleet. “TEMPO TEMPO!” (A Tony Allen Celebration)


Playlist:

1. DeWolff - Natural Woman - Muscle Shoals

2. Jeremie Albino - Since I've Been Knowing You - Our Time In The Sun

3. Hermanos Gutiérrez - Tres Hermanos (feat. Dan Auerbach) - El Bueno Y El Malo

4. Imarhan - Achinkad - Aboogi

5. Alison Krauss & Robert Plant - Trouble with My Lover - Raise The Roof

6. Iggy Pop - We Are the People - Free

7. Iggy Pop - Loves Missing - Free

8. Amanda Whiting - Suspended - Lost in Abstraction

9. Avishai Cohen - Leolam - Aurora

10. Coşkun Karademir - Rüzgar - Öz

11. Dizraeli - My Mama - The Unmaster

12. Adrian Quesada & iLe - Boleros - Mentiras Con Cariño - Psicodélicos

13. Fixi & Nicolas Giraud - Oto (feat. Maïa Barouh) - TEMPO TEMPO! (A Tony Allen Celebration)

14. Santana - Paraísos Quemados (feat. Buika) - Africa Speaks

Episoden

Näischt Neies ënner der Sonn

E Retour an d'60er a 70er Jore mat e bësse Museksgeschicht, Filmmuseken a Spaghetti-Western-Feeling aus Japan
headphones

57 min

play_arrow

Mas Que Nada

Netverëffentlechungen, e bekannte Samba-Track mat engem Twist, eng ontypesch Gangsterfilm-Musek an en Ausflug an d’Tierkei
headphones

56 min

play_arrow

Alpentöne

Mir verbleiwen e bëssen an den Alpen an héiere wéi d’Welt vun de Bierger d’Artisten déi do liewen inspiréiert. Duerno maache mir eis op fir de Rescht vun der Welt …
headphones

56 min

play_arrow

Must I Evolve? (JARV IS…)

Rhythmen aus der Guadeloupe, Haiti an Äthiopien, Groove & Dancefloor . Vill “Hip Shaking” haut, mee och emol de Kapp gëtt ageschalt a sech gefrot “must I Evolve?”
headphones

56 min

play_arrow

The Great Gig In the Sky

Venezuela, Martinique, Nigeria, Süd-Afrika, Nei-Zealand … sinn e puer Etappe vun der Emissioun

The Great Gig In the Sky

Venezuela, Martinique, Nigeria, Süd-Afrika, Nei-Zealand … sinn e puer Etappe vun der Emissioun
headphones

57 min

play_arrow

Gently Disturbed

E feine Songwriting aus Liberia, d’Ierwe vum Desert Blues an déi vum Flamenco mat engem Museker, dee Grenze weider denkt.

Gently Disturbed

E feine Songwriting aus Liberia, d’Ierwe vum Desert Blues an déi vum Flamenco mat engem Museker, dee Grenze weider denkt.
headphones

57 min

play_arrow

"The Outlaw Ocean" (Ian Urbina)

MotownInfluenzen, Jazz-Traditiounen, explizitte Songwriting an de Klang vun de mënschlechen Aventuren op de Weltmierer

"The Outlaw Ocean" (Ian Urbina)

MotownInfluenzen, Jazz-Traditiounen, explizitte Songwriting an de Klang vun de mënschlechen Aventuren op de Weltmierer
headphones

56 min

play_arrow

"Be yourself; everyone else is already taken" - Oscar Wilde

Den Afrobeat a seng Ierwen, staark Wierder fir Mënschlechkeet a Solidaritéit an en Trio, deen d’Oueren zum Danze bréngt.
headphones

56 min

play_arrow

Quand une porte se ferme, une autre s’ouvre

De Klang vu Saigon an de 70er Joren, eng Diva aus Westafrika, Country a Singer-Songwriting, souwéi eng exzeptionell Collaboratioun tëschent Virtuosen
headphones

56 min

play_arrow

“Sans la musique, la vie serait une erreur” - Nietzsche

E puer Disken, déi an all gudder Kollektioun hir Plaz hunn, e bësse Blues, deen d’Séil beréiert an eng impressionnant Rees tëschent Indien a Frankräich
headphones

56 min

play_arrow

Think twice, before judging

Soul, Blues, Gospel, Hoffnung, Léift … déi afrikanesch Diaspora kënnt zu Wuert a mir entdecken nei en Album aus den ufanks 70er Joren
headphones

56 min

play_arrow

“Be kind to one another” (David Byrne/Brian Eno)

D’Slogane vun der T-Shirt-Kultur, d’Fra als Objekt, roueg a poetesch Klanglandschaften aus Norwegen an e Lidd mat Kult-Status

“Be kind to one another” (David Byrne/Brian Eno)

D’Slogane vun der T-Shirt-Kultur, d’Fra als Objekt, roueg a poetesch Klanglandschaften aus Norwegen an e Lidd mat Kult-Status
headphones

56 min

play_arrow

“The Eternal Now” (Chip Wickham)

Facetteräich an originell Singer-Songwriter, Pärelen aus der englescher Jazzzeen a kuerz virum Startschoss e Bléck op d’Transmusicales vu Rennes
headphones

56 min

play_arrow

Trans Musicales

En Ausflug an d’Sahara, eng Etapp bei de Garifuna an e Bléck op d’Trans Musicales vu Rennes.
headphones

57 min

play_arrow

Un automne 2025

En eenzegaartege Songwriting, eng musikalesch Rees op de Spuere vum Sklavenhandel an e Bléck op d’Programmatioun vun den Transmusicales vu Rennes.
headphones

56 min

play_arrow

Hybrids and more

Afrobeat, Hybrid-Jazz, an e Retour an d’70er bei e Singer-Songwriter, op deen a Südafrika eng Iwwerraschung gewaart huet!