arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Kalashnik Love

Kalashnik Love

Lauschteren play_arrow
headphones

56 min

“Running the Mardi Gras” vun der Grupp Boco ass eng rar Pärel aus Louisiana, déi fir d’éischt 1972 verëffentlecht an 2016 reeditéiert gouf. Lokal Museker hate mam Boco Latour um Gesang dësen Titel doheem opgeholl, e léisst déi ganz Mystik vun de Bayou’en aus dem Süde vu Louisiana an déi vun der Cajun Kultur erkléngen.


“I was born in the North Carolina mud”, seet de Jamil Rashad, besser bekannt als Boulevards. E charismatesche Kënschtler, deem seng Musek déif an der Äerd verankert ass, an där hien opgewuess ass.


Déi zu Ho Chi Minh City baséiert Band Saigon Soul Revival huet sech et zur Missioun gemaach d’Musek vu Saigon aus de 70er Joren nei opliewen ze loossen.


Speed Caravan ass eng franséisch-algeeresch Formatioun, déi de Ma’luf (en arabesch-spuenesche Stil) mat Folk, Electro a Rock verbënnt um Album “Kalashnik Love”.


Mir entdecken deen neien Album “Night Reign” vun der Arooj Aftab aus Pakistan: engagéierten Hiphop aus Palästina vun DAM an den irresistibele Portico Quartet.


Playlist:

1. Fleet Foxes - Mykonos - Mykonos

2. Boco - Running the Mardi Gras - Running the Mardi Gras b/w Smile

3. Sarah McCoy - Devil’s Prospects - Blood Siren

4. Chicken Grass - Snakebites (feat. Princess Shaw) - Snakebites

5. Boulevards - Better off Dead (feat. Nikki Lane) - Electric Cowboy: Born in Carolina Mud

6. Lawne - The Huge Balloon - The Huge Balloon

7. Khruangbin - May Ninth - A LA SALA

8. Saigon Soul Revival - Ai Thật Lòng Yêu Ai - Mối Lương Duyên

9. Speed Caravan - Galvanize - Kalashnik Love

10. DAM - Emta Njawzak Yamma - Ben Haana Wa Maana

11. Arooj Aftab - Raat Ki Rani - Night Reign

12. Portico Quartet - Monument - Monument

13. Murge - Everytime You Go (feat. Sierra Lundy) - Gold and Bliss

14. Nitin Sawhney - Can’t Breathe (feat. Natacha Atlas) - Dystopian Dream

Episoden

Welcome to the Garden of Eden (Jack White)

Decouverte vun engem exzellenten neie Rock-Track, eng Etapp a Brasilie vu gëschter a vun haut, eng engagéiert Artistin an e Rocker, deen och op Jazz steet.
headphones

55 min

play_arrow

Music from here and out there

Jazz an traditionell Museke matenee verbonnen, déi verschidde Kulturen tëschent Kabul a Bamako an engem Projet vereent an eng Fënster op de villsäitege Melting Pot vu Südfrankräich
headphones

57 min

play_arrow

Diversity

Traditioun erfrëschend interpretéiert, d’Elektro begéint der Musek aus West-Afrika, psychedelesche Rock aus dem Norden an akustesch Instrumenter déi den Job vum DJ iwwerhuelen.
headphones

56 min

play_arrow

Mixed Race (Tricky)

En éischten Album vun engem Schwäizer DJ, Musek aus Ghana, an e puer Lidder nei entdeckt!
headphones

57 min

play_arrow

Latino Revisited

Latino Rhythme mat ënnerschiddlechen Influenzen, d’Kläng vun den Touareg an e bësse karibesche Flair
headphones

56 min

play_arrow

A Day For The Hunter, A Day For The Prey (Rediff. vum 30.12.2019)

Äthiopesch an italieenesch Museker:innen am Austausch, déi räich Musekstraditioun vun Haiti, eng Collaboratioun tëschent Westafrika a Litauen an e bësse Voodoo
headphones

56 min

play_arrow

Global and Individual

Dancy Beats begéine latino an aner Aflëss, e perséinleche Songwriting aus Liberia an zwou Neiverëffentlechunge méi am Detail
headphones

56 min

play_arrow

Näischt Neies ënner der Sonn

E Retour an d'60er a 70er Jore mat e bësse Museksgeschicht, Filmmuseken a Spaghetti-Western-Feeling aus Japan
headphones

57 min

play_arrow

Mas Que Nada

Netverëffentlechungen, e bekannte Samba-Track mat engem Twist, eng ontypesch Gangsterfilm-Musek an en Ausflug an d’Tierkei
headphones

56 min

play_arrow

Alpentöne

Mir verbleiwen e bëssen an den Alpen an héiere wéi d’Welt vun de Bierger d’Artisten déi do liewen inspiréiert. Duerno maache mir eis op fir de Rescht vun der Welt …
headphones

56 min

play_arrow

Must I Evolve? (JARV IS…)

Rhythmen aus der Guadeloupe, Haiti an Äthiopien, Groove & Dancefloor . Vill “Hip Shaking” haut, mee och emol de Kapp gëtt ageschalt a sech gefrot “must I Evolve?”
headphones

56 min

play_arrow

The Great Gig In the Sky

Venezuela, Martinique, Nigeria, Süd-Afrika, Nei-Zealand … sinn e puer Etappe vun der Emissioun

The Great Gig In the Sky

Venezuela, Martinique, Nigeria, Süd-Afrika, Nei-Zealand … sinn e puer Etappe vun der Emissioun
headphones

57 min

play_arrow

Gently Disturbed

E feine Songwriting aus Liberia, d’Ierwe vum Desert Blues an déi vum Flamenco mat engem Museker, dee Grenze weider denkt.

Gently Disturbed

E feine Songwriting aus Liberia, d’Ierwe vum Desert Blues an déi vum Flamenco mat engem Museker, dee Grenze weider denkt.
headphones

57 min

play_arrow

"The Outlaw Ocean" (Ian Urbina)

MotownInfluenzen, Jazz-Traditiounen, explizitte Songwriting an de Klang vun de mënschlechen Aventuren op de Weltmierer

"The Outlaw Ocean" (Ian Urbina)

MotownInfluenzen, Jazz-Traditiounen, explizitte Songwriting an de Klang vun de mënschlechen Aventuren op de Weltmierer
headphones

56 min

play_arrow

"Be yourself; everyone else is already taken" - Oscar Wilde

Den Afrobeat a seng Ierwen, staark Wierder fir Mënschlechkeet a Solidaritéit an en Trio, deen d’Oueren zum Danze bréngt.
headphones

56 min

play_arrow

Quand une porte se ferme, une autre s’ouvre

De Klang vu Saigon an de 70er Joren, eng Diva aus Westafrika, Country a Singer-Songwriting, souwéi eng exzeptionell Collaboratioun tëschent Virtuosen
headphones

56 min

play_arrow

“Sans la musique, la vie serait une erreur” - Nietzsche

E puer Disken, déi an all gudder Kollektioun hir Plaz hunn, e bësse Blues, deen d’Séil beréiert an eng impressionnant Rees tëschent Indien a Frankräich
headphones

56 min

play_arrow