arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Sages comme des sauvages

Sages comme des sauvages

Lauschteren play_arrow
headphones

57 min

Deen englesche Singer-Songwriter Elvis Costello ass zesumme mat den amerikaneschen Hiphopper vu The Roots fir de gemeinsamen Album “Wise Up Ghost (And Other Songs)”, deen 2013 via Blue Note Records erauskoum, eng kleng Pärel, déi d’Talent béidersäits ënnersträicht an och dee vu Blue Note, e Label, dee fir Qualitéit an Authentizitéit steet.


Den Omara Moctar, kuerz Bombino, ass en Touareg Singer-Songwriter a Gittarist aus dem Niger. Hie sengt op Tamasheq a schwätzt a senger Musek ëmmer erëm och déi geopolitesch Uleiesse vu sengem Vollek un.


Sages comme des sauvages ass e Grupp, deen zu Bréissel gegrënnt gouf, an dee méi Influenze matenee vermëscht. Dat hänkt mat den Originne vu sengen zwee Grënnermemberen zesummen, d’Ava Carrere huet franséisch-amerikanesch Originnen, gouf tëschent Frankräich a Griichenland grouss, an den Ismaël Colombani huet korsesch a belsch Wuerzelen.


Mir lauschteren an dee schéinen Album “Love” era vu Get Well Soon, däitsch Formatioun, déi vum Konstantin Gropper geleet gëtt mat de backing Vocals vu senger Schwëster Verena.


D’Celia Wa ass zu Paräis gebuer mat Originnen an der Guadeloupe. D’Multiinstrumentalistin a Sängerin gouf vu jonkem un an déi traditionell Museken initiéiert. Mir entdecken hiren neien Album Fasadé.


Déi nigresch Legend Tony Allen réit de Mënschen of iwwer d’Mier ze flüchten, “Boatpeople” ass ze fannen um Album “Film Of Life”.


Zu Rio gebuer an LA zu senger Walheemecht gemaach, de Rogê ass ee vun de spannenden zäitgenëssesche brasilianeschen Artisten. Musikalesch erfrëschend an inhaltlech setzt de Rogê sech mat der komplexer Geschicht vu sengem Land ausenaner.


Playlist:

1. Elvis Costello & The Roots - Wake Me Up - Wise Up Ghost (And Other Songs) [Bonus Tracks]

2. Bombino - Ayes Sachen - Sahel

3. The Good Ones - Where Did You Go Wrong, My Love (feat. Nels Cline) - Rwanda, You Should Be Loved

4. Sages comme des sauvages - Lailakomo - Francofans collection (La compilation de la scène indé francophone)

5. Get Well Soon - It’s Love - Love

6. Miles Kane - Loaded - Coup De Grace

7. Brian Reitzell - I Put a Spell on You (feat. Mark Lanegan) [From "American Gods" Soundtrack]

8. Laurent Bardainne & Tigre d'Eau Douce - Combly Family - Hymne au soleil

9. Tony Allen - Boat Journey - Film of Life (Deluxe Edition)

10. Celia Wa - Démounaj - Fasadé

11. Rogê - Vida Voa - Curyman II

12. Teófilo Chantre - Bô Viajá - The Lusafrica Series: Rodatempo / Viajá

Episoden

L’anghjuli (A-Filetta)

World-Fusioun aus de 90er a vun haut, en Hommage un de Grënner vum Mali-Empire, Vokal-Traditiounen an e legendäre Blues.
headphones

57 min

play_arrow

International

Vun Atmosphäresche Klanglandschaften bis zum Progressive Pop-Funk am Retro-Stil an e Mammut-Projet dee Süd-Afrika mat England verbënnt.
headphones

57 min

play_arrow

Experiments

Verschidde Stiler aus Latäin-Amerika, Renconteren tëscht de Genren a musikalesch Experimenter
headphones

57 min

play_arrow

"The Thread That Keeps Us" (Calexico)

Nei an onëmgänglech Disken, interessant Kollaboratiounen an Hannergrënn sichtbar gemaach.
headphones

56 min

play_arrow

Global Sounds with Roots

Zäitgenëssesch Kläng aus dem Sudan, dem Maghreb a Brasilien ... a rare Pärelen aus engem bekannte Gittarist senger Solo-Karriär
headphones

57 min

play_arrow

Here and Beyond

Nei Diske vu bekannten a manner bekannten Artisten, Rock, Singer-Songwriting mat sozial-kriteschen Aussoen a Reflexiounen an e Produzent, deen en onverkennbare "Touch" huet.
headphones

57 min

play_arrow

"You'll Have to Scream Louder" (Tindersticks)

Musek aus Äthiopien, aus dem Brasilie vun de 70er Joren a vun Haut, an nach e puer aner onëmgänglech Lidder déi de Bols vun der Zäit fillen.
headphones

57 min

play_arrow

"The Love Chapter: Lessons from a Human Heart" (Whitney Coleman)

Eng smooth Rees duerch d' Genren an en engagéierten Album.
headphones

57 min

play_arrow

World Gone Wrong

Musek aus Krisegebitter, Theemen iwwer d Fräiheet, dem Wonsch no Fridden an der Feststellung, datt den Himmel dach iwwerall déi selwecht Faarf huet ...
headphones

55 min

play_arrow

A Summer Soundtrack

Musek aus Brasilien, Argentinien, West-Afrika, Tunesien, Marokko ...

“Gravity Freeze“ (Little Barrie)

Nei spannend Disken, mir kréien e Virgeschmaach op d'Aktualitéit vun Helado Negro, Rodrigo y Gabriela, Saul Williams, Fiona Apple, Little Barrie, Beck ...
headphones

57 min

play_arrow

"La mezcla es lo puro. Lo puro está en la mezcla" (Hirahi Afonso)

D'Pionéier vun der afrikanescher World-Musek, de Blues aus der Sahara, e faméise Gittaren-Duo an en interessante Gedanke vun engem kanaresche Museker
headphones

57 min

play_arrow

Worldwide

R&B, Soul, Reggae ... an e puer Klassiker

Together we're stronger

Kollaboratiounen déi verdäitlechen, datt an der Zesummenaarbecht de musikaleschen Ausdrock u Räichtum a Freed gewënnt.
headphones

56 min

play_arrow

New Tracks

Lauter Aktualitéiten dës Kéier um Programm, déi vu Kim Gordon, Little Barrie, Jack White, Muse, Tricky, Helado Negro an och e Virgeschmaach op deen neien Album vun de Stones!
headphones

56 min

play_arrow

Festival de Wilz 2026

E Bléck op de Wëlzer Festival an e puer Nei-Verëffentlechungen

Summer’s coming

E Retour an d’70er Joren, gudde Singer-Songwriting an e puer exzellent Zesummenaarbechten
headphones

56 min

play_arrow

Home Songs

Musek aus Westafrika, Europa, dem Iran, Palästina, Amerika … an en Jazzdisk vun engem Rocker.
headphones

56 min

play_arrow

Womad - Gent Jazz Festival

Jamaika, Iran, Afrika an en Openthalt am australeschen Outback
headphones

58 min

play_arrow

Womad Festival 2026

De Womad Festival 2026 mécht seng Dieren op vum 23-26 Juli am Neston Park zu Corsham. Mir entdecke spannend Artisten, Newcomer an och confirméiert Gréissten.
headphones

56 min

play_arrow