arrow_back_ios

D'Neiegkeeten

search / D'Neiegkeeten

/ D'Neiegkeete vum 31. Oktober 2026

D'Neiegkeete vum 31. Oktober 2026

Lauschteren play_arrow
headphones

4 min

Tripartite

Mir bezuelen den Ament 5 Cent de Liter Bensinn an Diesel manner, wéi normal. Dat ass de sougenannten Tankrabatt. Dat leeft nach bis Enn Februar 2027 esou weider. Dann ass et awer eriwwer. All déi aner Energie-Hëllefe fir Stroum, Mazout a Gas – déi och elo a Kraaft sinn – ginn awer fir dat ganzt nächst Joer nach verlängert. Dat hunn d’Regierung, d’Patronat an d’Gewerkschaften en Donneschdeg am Comité de suivi vun der Tripartie decidéiert. D’Verlängerung vun den Energie-Mesurë kascht de Staat 150 Milliounen Euro. D’Regierung hofft, datt domat d’Inflatioun gebremst gëtt. Hiert Zil ass et nämlech, datt d’nächst Joer nëmmen eng Indextranche erfält. Dat heescht, datt d’Paien an d’Pensiounen 2027 nëmmen eemol ëm 2,5 Prozent gehéicht ginn.  

Steierreform

Den 1. Januar 2028 trëtt bei eis eng Steierreform a Kraaft. D’Chamber huet déi e Mëttwoch gestëmmt. Nei ass, datt et an Zukunft nach just eng Steierklass gëtt, d’Steierklass U. Déi Reform soll méi Gerechtegkeet bei de Steiere bréngen, de System méi einfach maachen an och derfir suergen, datt generell méi Sue fir de Bierger iwwereg bleiwen. Domat gëtt déi sougenannten Individualiséierung agefouert – wat dann och bedeit, datt een als Koppel zwou Steiererklärunge muss maachen.

Untersuchungsprisong 

De Prisong fir Untersuchungsprisonéier zu Suessem ass ze kleng, och wann en eréischt viru 4 Joer op   gaangen ass. Dat gouf dës Woch aus dem Justizministère confirméiert. Et sinn esou vill Prisonéier do, datt Verschiddener vun hinnen zënter dem Summer op Matrassen um Buedem schlofen. Bis elo, Enn Oktober, sollen awer 20 Etagebetter an d‘Prisongszelle bei gesat ginn. Esou kënnen an Duebelzellen 3 Leit schlofen. D‘Kapazitéit vum Untersuchungsprisong klëmmt domat vu 417 op 437. D’Prisonéier bleiwen an der Moyenne iwweregens 3,6 Méint an Untersuchungshaft.

Episoden

D'Neiegkeete vum 31. Oktober 2026

Tripartite, Steierreform an Untersuchungsprisong 
headphones

4 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 24. Oktober 2026

Tripartite, Bluttspenden, d’Lëtzebuerger Sprooch, an d'Quadripartite
headphones

4 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 17. Oktober 2026

ILRES-Sondage, Rentrée an der Chamber, Piratepartei a Kannergeld
headphones

4 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 10. Oktober 2026

Budget 2027 an d'Kriticke vun der Oppositioun
headphones

5 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 3. Oktober 2026

Déifferdeng krut 400.000 Euro geklaut, Chamber-Rentrée, Neien Arméischef an Tourismus
headphones

3 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 26. September 2026

Dronen iwwer Lëtzebuerg, Kritik un der Regierung, EU-Sanktiouns-Lëscht
headphones

4 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 19. September 2026

Schoulrentrée, Staatsexamen, Falsch Diplomer an Dronen
headphones

3 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 12. September 2026

PISA-Etüd, Reaktioun vum Educatiounsminister Claude Meisch, an Interview mam Serge Wilmes
headphones

5 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 18. Juli 2026

Tramsstreck, Projet ALPHA, Gefor vu Bränn a Peagen an der Belsch
headphones

4 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 11. Juli 2026

Eng Bedruchsaffär, Begréngungskonzept Stad Lëtzebuerg, Bilan Observatoire de l’égalité an d'Wunnengsnout zu Lëtzebuerg
headphones

4 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 4. Juli 2026

Bilan no der Hëtztwell, Architektur an e Geriichturteel
headphones

4 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 26. Juni 2026

Eng Hëtztwell huet Europa a Lëtzebuerg am Grëff: Temperaturrekorder, schoulfäi a Klimawandel
headphones

5 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 20. Juni 2026

Hëtztwell, Masken, nei international Schoul zu Schëffleng an den Aarbechtsmaart
headphones

4 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 13. Juni 2026

Tripartite Accord ënnerschriwwen, genuch Suen do fir anti-Krise Mesuren, Lëtzebuerg hëlleft bei Ausbildung vun ukraineschen Zaldoten an d'Parlament stëmmt Gesetzer fir EU-Asylpak
headphones

4 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 6. Juni 2026

Tripartite, eng Schwämm op der Kockelscheier an en tragescht Kloter-Accident zu Zolwer
headphones

3 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 30. Mee 2026

Hëtztwell, Undrang um Stauséi, d'Sprangpressessioun an d'Indextranche
headphones

4 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 23. Mee 2026

Ried zur Lag vun der Natioun, Congé fir Bluttspenden, an den ESC 2027
headphones

3 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 16. Mee 2026

Déi éischt Reunioun vun der Tripartite, Gewalt un de Schoulen, de Bilan vun der Luxair a fir Lëtzebuerg ass den Dram vum ESC 2026 eriwwer
headphones

4 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 08. Mee 2026

Schlëmmem Accident op der Biergcourse zu Eschduerf, schlcht Ëmfrowäerter fir d'CSV, an d'Tripartite
headphones

3 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 02. Mee 2026

Grenzkontrollen, Prozess wéinst Policegewalt an déi amerikanesch Ambassade
headphones

5 min

play_arrow