D’Juegd ass e wichtegt Instrument am Wëlddéiermanagement, Naturschutz an am Bëschëmbau, ganz besonnesch elo an der Zäit vun der Klimakris. An eise Bëscher ass ze vill Schuelewëld, wat d’Verjüngung vun de Beem a Gefor bréngt. Dobäi kënnt d’Zounam vun invasiven exoteschen Aarten (EEE). Dës Déieren, déi net hei hi gehéieren, hu potenziell groussen Impakt op eisen Ökosystem an Infrastrukturen. E Beispill ass hei de Wäschbier.
Juegd ass awer och e ganz sensibelt Theema, dat vill Emotiounen ausléist. Dofir ass et wichteg, et oppen unzeschwätzen, déi verschidden Aspekter ze beliichte fir Versteesdemech an Akzeptanz ze schafen, an op där anerer Säit och d’Juegdpraxis un d’Besoine vun der Gesellschaft an un den Naturschutz unzepassen.
Fir zu Lëtzebuerg Jeeër ze ginn, muss een eng ëmfaassend Ausbildung maachen, déi sech iwwer e laangen Zäitraum streckt a mat verschiddenen Examen ofgeschloss gëtt. D’Juegdausbildung ëmfaasst vill Beräicher, vun der Ökologie an dem Naturschutz iwwer Wëldbiologie, Eethik, bis hin zu praktesche Fäegkeeten an de strenge gesetzleche Bestëmmungen. Änlech wéi beim Prinzip vun de fräiwëllege Pompjeeën engagéiere Jeeër sech mat spezialiséiertem Wëssen an hirer Fräizäit, fir eng gesellschaftlech wichteg Aufgab ze iwwerhuelen.
Déi noutwenneg Reduktioun vum Wëld kann dobäi dann och nach ganz gutt mat der Notzung vum Fleesch kombinéiert ginn - et ass eng nohalteg Léisung.
Bewegungsjuegten, oder d’Klappjuegd, wéi mir se am Lëtzebuergeschen nennen, ass eng vun den effikasste Methode fir d’Bestänn vum Schuelewëld, besonnesch vun de Wëllschwäin, ze reguléieren. Allerdéngs ass se bei villen am Verruff, well si als onheemlech oder souguer brutal empfonnt gëtt. Hei ass et wichteg ze wëssen, datt eng gutt organiséiert Beweegungsjuegd net zwangsleefeg méi Stress fir d’Déiere bedeit wéi all aner Form vu Juegd. Am Géigendeel: D’Stéierung ass kuerz a gezielt, mee den Notze fir d’Populatiounsregulatioun ass immens grouss.
Fir datt esou Juegten esou effikass an Déiereschutz-konform wéi méiglech oflafen, ginn et kloer Reegelen - souwuel fir d’Jeeër wéi och fir d’Hënn, déi zum Asaz kommen.
Invitée ass d'Marianne Jacobs, Forstingenieurin a Jeeërin. Responsabel fir d'Cellule Chasse am Service Faune Sauvage et Chasse bei der ANF.