Klimawandel, Pollutioun a Verloscht vu Liewensräim gehéieren zu deene wichtegste Facteuren, déi fir d‘Reduktioun vun der weltwäiter Biodiversitéit verantwortlech sinn. Allerdéngs gëtt et nach ee wichtege Grond, dee ganz dacks vergiess gëtt. Invasiv Aarte gehéieren zu den Top 5 Ursaache fir de Verloscht vun der Biodiversitéit. Schätzunge gi vun 200 neien invasiven Aarte pro Joer aus. Dës Aarte verbreede sech rapid iwwer grouss Flächen a suerge fir massiv Problemer an der Natur a fir de Mënsch, well se aner Aarte verdrängen, den Ökosystem beanträchtegen a souguer staark Allergien ausléise kënnen. Fir de Problem vun den invasiven Neophyten unzegoen, huet d’Ëmweltberodung Lëtzebuerg an Zesummenaarbecht mam Ëmweltministère a mat der ANF eng Broschür mam Titel: “Invasive Neophyten und ihre Alternativen” ausgeschafft. Dës Broschür soll de Leit hëllefen, invasiv Neophyten ze erkennen an déi richteg Alternative fir doheem auszewielen. Explikatioune mam Adrien Flammang, Projektkoordinator bei der Ëmweltberodung Lëtzebuerg ASBL
arrow_back_ios
Biotop
Invasiv Neophyten - E Problem fir eis an d’Natur
headphones
11 min
Lauschteren
play_arrow

Ambrosia artemisiifolia (Foto: Rostovdriver)
mic_none
Presentéiert vum
- Angie Maquil
Episoden

Neophyten
Neophyten an Neozoe si Planzen an Déieren, déi sech no der Entdeckung vun Amerika 1492 bei eis nei agebiergert hunn.

Tomaten an Äerdbier
Mat Fangerspëtzegefill huele mir dës zwou sougenannten “Divaen” am Gaart ënner d'Lupp

Naturreseau
D’Biodiversitéit an den Privatgäert fërdere mam Naturreseau, e Projet fir Austausch ze schafe an Natur ze stäerken.

Eis Hauskazen an d’Biodiversitéit: dee richtegen Equiliber fannen”
Zu Lëtzebuerg liewe vill Hauskazen. Vill dovu sinn och dobaussen aktiv a liewen hiren natierlechen Juegdinstinkt aus, wat en Afloss op eis lokal Biodiversitéit huet. Wéi fënnt een déi richteg Balance tëschent Déieren an Naturschutz?

Dekoratiounsiddie fir d‘Fréijoer
Am Fréijoer gëtt de Gaart faarweg. Mee och ouni Gaart kann ee selwer natierlech a flott Dekoratioune maache fir baussen a banne an de Fréijoersfeeling ze kommen.

Centre nature et forêt Ellergronn: Anthropozän / Den Zäitalter vum Mënsch
Am Naturschutzgebitt Ellergronn trëfft alles openeen, wat de Räichtum vum Lëtzebuerger Süden ausmécht. Eng divers Natur an de Patrimoine vun der deemoleger Eisenindustrie.

Allergien am Hausgaart, wéi soll een domat ëmgoen?
Kann een am Gaart schaffen, wann een allergesch op Polle reagéiert?

Mat Rücksicht ënnerwee an der Natur
D'MOIEN-Campagne vum SIAS: Wann Dir op der Gewan ënnerwee sidd, denkt un d’Baueren, hir Déieren, an un d’Villercher a loosst Äre Mupp net fräi lafen, respektiv bleift wgl. op de Weeër.

Hondskéipercher an der Natur
Hondskéip an hiren negativen Impakt op eis Ëmwelt, méi konkret op de Mënsch, aner Déieren an d’Natur

D'Juegd aus dem Bléck vun enger Forstingenieurin a Jeeërin
Jeeër an Naturschützer a Wëldfleesch als natierlech Ressource

Cedrus atlantica, d'Léisung géint de Klimawandel?
D'Atlaszeder ass e flexibel a widderstandsfäeg Noolebaam aus dem Atlasgebierg, bekannt fir säi qualitativ héichwäertegt Holz an seng Drockresistenz.

Déi pickeg Wourecht hanner de Vältesdagsrousen
An Europa ginn ëm déi 200 Millioune Rouse fir Vältesdag verschenkt, net ouni ëmweltschiedlech Auswierkungen.

Erhalen a Vernetze vun eise Biotoper, um Beispill vun den Amphibien
D’Biotoper ze erhalen an ze vernetzen ass essentiel fir d’Biodiversitéit. Duerch Schutz- a Restauratiounsmoossname probéiert d’Administration de la nature et des forêts den Zoustand vun den Amphibien ze verbesseren.

Efeu, e staarke Wuerzelkletterer
Gréng iwwert dat ganzt Joer, stellt keng grouss Uspréch, e Paradäis vir Déieren an net vill Aarbecht. Den Efeu ass eng heemesch, villsäiteg asetzbar Planz am Gaart an och am Dëppen.

Den Naturpakt: Zesumme fir méi Biodiversitéit an eise Gemengen
Natur- a Ressourceschutz betrëfft jiddereen, an ass net op eenzel Gebidder limitéiert, dofir setzt de den Naturpakt op d’Ëmsetzung vu konkrete Mesure um Gemengenterritoire. Des solle Bierger dozou motivéiere matzewierken.

Für morgen pflanzen: Obstbäume selber sähen. In fünf Jahren zur Ernte
Es muss nicht alles immer sofort sein (Obstbäume selber sähen, anstatt fix und fertig kaufen). Vorteile gegenüber gekauften Sorten Welche Sorten alleine klappen und was man später pfropfen kann

De Bësch am Klimawandel
De Bësch am Klimawandel

Urban Birds: Wéi wierkt sech Silvester op eis Villercher aus?
De Projet Urban Birds - Protecting Climate and Wildlife vun der ASBL Natur&ëmwelt

Hausgemaachte Saachen als Chrëschtdagskaddo
An der Chrëschtdagszäit gëtt gebak a geschenkt. Dat si ganz al Bräich, déi zum Deel bis haut iwwerlieft hunn. Selwer baken a Geschenker aus der Natur kreéieren ass guer net schwéier.
