Aus dem Liewen
Familljen-Center
Aarbecht mat Koppelen - 1/2
Konflikter a Belaaschtungen an der Bezéiung vu Koppele sinn net seele Situatiounen, déi och deen eenzele belaaschten. Am Familljen-Center gi Berodung an Therapie fir Koppelen ugebueden.
“Gutt een Drëttel vun eisen Ufroen 2023 ware Koppelen, Tendenz steigend. A sech geet et queesch duerch der Gaart. Et si jonk Koppelen déi kommen, jonk Elteren, eeler Koppelen, Koppelen am mëttleren Alter, gläichgeschlechtlech Koppelen"
De Familljen-Center ënnerstëtzt Mënschen a Bezéiungen doran, gutt Entscheedunge fir sech selwer kënnen ze huelen, hir Bezéiungsdynamiken ze gestalten, an zum Wuelbefanne vun der Bezéiung, net seelen och vun der Famill a schliisslech och sech selwer, bäizedroen. Explikatioune mat der Psychologin a Psychotherapeutin Zuzana Urbanicova vum Familljen-Center. (www.familljencenter.lu)
Presentéiert vum
- Angie Maquil