Aus dem Liewen
natur musée
9 min
Zwitscheren aus dem natur musée
Zanter 37 Joer gëtt et e schonn "De Panewippchen" vum natur musée. D’Zeitung feiert gläich seng 150. Editioun.
Wat ufanks als rengt Informatiounsblat fir d’Membere vum Panda-Club geduecht war, huet sech am Laf vun de Joren zur Zeitung vum natur musée entwéckelt. De Fokus läit op Theeme wéi Natur, Ëmwelt a Patrimoine naturel awer och op der Aarbecht vun de Wëssenschaftler an de Fuerscher aus dem natur musée. Et ass eng Zeitung a Lëtzebuerger Sprooch, déi esou muenchem Enseignant als Support fir seng Science- oder Lëtzebuergeschcoursen déngt. Donieft gëtt speziell fir all Editioun e Lidd zum Theema op Lëtzebuergesch geschriwwen a vertount. Eng Zeitung mat ville Facetten! Explikatioune vum Mike Hagen, Coordination activités de loisir Panda-Club / Science Club vum Natur musée (www.naturmusee.lu)
Presentéiert vum
- Angie Maquil