Radioen

On air

Notturno  |  Andre Ethier - Kids Are

play_arrow Live
arrow_back_ios

Aus dem Liewen

100komma7.lu / Aus dem Liewen

/ Erzéiungs-a Familljeberodung

Erzéiungs-a Familljeberodung

Wann een sech am Alldag befënnt, ginn déi positiv Momenter, déi een an a mat der Famill erlieft, oft ënner. Mir kennen dat alleguer: Déi meescht Leit an och Kanner sinn heefeg Stress an och héijen Erwaardungen ausgesat, D'Deeg si voll an Owes muss een och nach de Stot maachen oder Hausaufgabe begleeden a kontrolléieren. Fir positiv Erliefnisser mateneen ze hunn waarde mir dacks op Vakanzen oder Ausflich, déi mir maachen a mir vergiessen, wéi wichteg och déi kleng Momenter sinn, déi een an der Famill positiv erliewe kann. Positiv Momenter kënne villes sinn: Am Wanter eng Taass waarme Schocki zesummen drénken, zesummen d'Hausdéier heemelen oder mol e Gesellschaftsspill spillen, et sinn déi kleng Momenter déi eis spiere loossen „mir sinn eis wichteg“, „mir halen zesummen“ „mir hunn eis gären a gehéieren zesummen“. An dovunner profitéieren d'Kanner am meeschten.
Explikatiounemat der Natascha Salomon, Diplom- Pädagogin a systeemeschFamilljentherapeutin bei der Erzéiungs-a-Familljeberodung
www.erzeiungs-a-familljeberodung.lu

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Kannermusée PLOMM

2024 war e besonnescht Joer fir de Kannermusée. Fir d’Ouverture am Abrëll war d’Gebai fir d‘éischte Kéier mat Kannerlaache gefëllt. Mee wéi geet et 2025 weider?
headphones

4 min

play_arrow

ZEV - Zenter fir exzessiivt Verhalen a Verhalenssucht

Fantasy Sports: Harmloses Hobby oder verstecktes Suchtrisiko?
headphones

5 min

play_arrow

Erzéiungs-a Familljeberodung

Wann een sech am Alldag befënnt, ginn déi positiv Momenter, déi een an a mat der Famill erlieft, dacks ënner. Dobäi sinn déi extrem wichteg, och well een se nach eemol méi spéit erliewe kann.

Eltereschoul J. Korczak

Zanter 2016 gëtt deen éischten EltereCafé am Quartier Brill zu Esch. Firwat ass den EltereCafé eng wichteg Formule an der Offer vun der Eltereschoul? Wie kann dohi goen? Wat mécht een do?

natur musée

Mir ginn op stengene Buedem a mir liewen a Steegebaier. Well dat selbstverständlech ass, wollt den natur musée et méi am Detail fir d’Ausstellung Luxembourg on the Rocks ënnersichen an a Form vu Geschichte presentéieren.

ErwuesseBildung

De Grondstee fir déi spéider Freed um Liese gëtt ganz fréi geluecht, an hei spille virun allem d'Elteren eng wichteg Roll.

BEE SECURE

Phishing an E-Crime: Theema Nummer eent op der Berodungsstell BEE SECURE Helpline

Plomm Kannermusée

Déi éischt temporär Ausstellung LOVE vum Kannermusée hëlt d’Visiteure mat op eng Rees an d’Land vun der Léift. 20 Installatiounen op 2 Etagen an insgesamt 500 m² maachen d’Léift direkt spierbar, ganz ouni Wierder.

ZEV - Zenter fir exzessiivt Verhalen a Verhalenssucht

Peter Bieg erklärt die Risiken von Trading-Apps. Er beleuchtet ihre Popularität, Gefahren für unerfahrene Nutzer und Minderjährige sowie Hilfsangebote für Betroffene. Denn die digitale Finanzwelt bietet nicht nur Chancen.

CID | Fraen an Gender

Wéi beaflosse Schéinheetsnormen a soziale Medien d’Selbstbild vu Kanner? D’Esin Göksoy erkläert, wisou feministesch Bildungsaarbecht an de Schoule wichteg ass, fir Geschlechtergerechtegkeet ze fërderen.

Erzeiungs- a Familljeberodung

Wann Eltere sech trennen, ass dat fir d‘ganz Famill eng Erausfuerderung. Besonnesch dacks stellt sech d'Fro, wéi een elo verschidde Familljefester gestalte kann, wéi elo och Chrëschtdag.

Eltereschoul J. Korczak

Triple P, Positiv Parenting Programm, heescht fräi iwwersat Positiven Erzéiungs- oder Eltereprogramm. Zanter 20 Joer am Programm vun der Eltereschoul - 2/2

natur musée

Just nach wéineg Leit erkennen d’Fauna vun heiheem un hiren Téin. D’Ausstellung "Tönende Tiere“ wëllt dat änneren.

Gero Kompetenzzenter fir den Alter

Dei nei Websäit infosenior.lu ass online.

Familljen-Center

Opruff fir Kleederstuff am Familljen-Center

ErwuesseBildung

Film und Fernsehen; wann ist est zu viel?

BEE SECURE Helpline

Um Internet fënnt een eng Mass u Contenu, leider ass do och ganz vill Material net fir Kanner. BEE SECURE informéiert, wéi ee seng Kanner stäerken a schütze kann.

Kannermusée PLOMM

Hands On! - Interaktioun am Kannermusée: upaken oder Geschichten erliewen - alles ass erlaabt!

ZEV - Zenter fir exzessiivt Verhalen a Verhalenssucht

Wéi kann een et ëm d'Chrëschtdeeg evitéieren ze vill fir Geschenker an Dekoratiounen auszeginn?

Familljen-Center

Vill Leit hoffen, datt no enger Scheedung d‘Konflikter an d‘Streidereien en Enn hunn. Dacks bestinn dës awer iwwer d‘Trennung eraus. Wouru läit dat, a wat kann ee maachen, fir dëst ze vermeiden? - 2/2