Radioen

On air

Mëttesrascht  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Aus dem Liewen

100komma7.lu / Aus dem Liewen

/ Eltereschoul J. Korczak

Eltereschoul J. Korczak

D’Eltereschoul animéiert vill Elteregruppen zu bestëmmte Sujeten a Problematike ronderëm d’Erzéiung an de Familljenalldag. Am EltereCafé ass dat anescht. Hei begéine sech Eltere fir ee gudde Moment ze hunn, fir sech auszetauschen awer och fir een oppent Ouer vun de Mataarbechterinne vun der Eltereschoul ze fannen. Zanter 2016 gëtt et deen éischten EltereCafé zu Esch/Uelzecht a méi rezent gëtt et dës Offer och um Kasshaff zu Rolleng bei Miersch an an der Maison citoyenne Ôpen zu Jonglënster.
Mat der Jeannine Schumann, Chargée de Direction vun der Eltereschoul J. Korczak

Tipp: D’Horairë vum Escher EltereCafé, vum EltereCafé um Kasshaff a vum EltereCafé am Ôpen zu Jonglënster fannt Dir am Agenda vun der Eltereschoul op www.kannerschlass.lu

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

ZEV - Zenter fir exzessiivt Verhalen a Verhalenssucht

Fantasy Sports: Harmloses Hobby oder verstecktes Suchtrisiko?
headphones

5 min

play_arrow

Erzéiungs-a Familljeberodung

Wann een sech am Alldag befënnt, ginn déi positiv Momenter, déi een an a mat der Famill erlieft, dacks ënner. Dobäi sinn déi extrem wichteg, och well een se nach eemol méi spéit erliewe kann.

Eltereschoul J. Korczak

Zanter 2016 gëtt deen éischten EltereCafé am Quartier Brill zu Esch. Firwat ass den EltereCafé eng wichteg Formule an der Offer vun der Eltereschoul? Wie kann dohi goen? Wat mécht een do?

natur musée

Mir ginn op stengene Buedem a mir liewen a Steegebaier. Well dat selbstverständlech ass, wollt den natur musée et méi am Detail fir d’Ausstellung Luxembourg on the Rocks ënnersichen an a Form vu Geschichte presentéieren.

ErwuesseBildung

De Grondstee fir déi spéider Freed um Liese gëtt ganz fréi geluecht, an hei spille virun allem d'Elteren eng wichteg Roll.

BEE SECURE

Phishing an E-Crime: Theema Nummer eent op der Berodungsstell BEE SECURE Helpline

Plomm Kannermusée

Déi éischt temporär Ausstellung LOVE vum Kannermusée hëlt d’Visiteure mat op eng Rees an d’Land vun der Léift. 20 Installatiounen op 2 Etagen an insgesamt 500 m² maachen d’Léift direkt spierbar, ganz ouni Wierder.

ZEV - Zenter fir exzessiivt Verhalen a Verhalenssucht

Peter Bieg erklärt die Risiken von Trading-Apps. Er beleuchtet ihre Popularität, Gefahren für unerfahrene Nutzer und Minderjährige sowie Hilfsangebote für Betroffene. Denn die digitale Finanzwelt bietet nicht nur Chancen.

CID | Fraen an Gender

Wéi beaflosse Schéinheetsnormen a soziale Medien d’Selbstbild vu Kanner? D’Esin Göksoy erkläert, wisou feministesch Bildungsaarbecht an de Schoule wichteg ass, fir Geschlechtergerechtegkeet ze fërderen.

Erzeiungs- a Familljeberodung

Wann Eltere sech trennen, ass dat fir d‘ganz Famill eng Erausfuerderung. Besonnesch dacks stellt sech d'Fro, wéi een elo verschidde Familljefester gestalte kann, wéi elo och Chrëschtdag.

Eltereschoul J. Korczak

Triple P, Positiv Parenting Programm, heescht fräi iwwersat Positiven Erzéiungs- oder Eltereprogramm. Zanter 20 Joer am Programm vun der Eltereschoul - 2/2

natur musée

Just nach wéineg Leit erkennen d’Fauna vun heiheem un hiren Téin. D’Ausstellung "Tönende Tiere“ wëllt dat änneren.

Gero Kompetenzzenter fir den Alter

Dei nei Websäit infosenior.lu ass online.

Familljen-Center

Opruff fir Kleederstuff am Familljen-Center

ErwuesseBildung

Film und Fernsehen; wann ist est zu viel?

BEE SECURE Helpline

Um Internet fënnt een eng Mass u Contenu, leider ass do och ganz vill Material net fir Kanner. BEE SECURE informéiert, wéi ee seng Kanner stäerken a schütze kann.

Kannermusée PLOMM

Hands On! - Interaktioun am Kannermusée: upaken oder Geschichten erliewen - alles ass erlaabt!

ZEV - Zenter fir exzessiivt Verhalen a Verhalenssucht

Wéi kann een et ëm d'Chrëschtdeeg evitéieren ze vill fir Geschenker an Dekoratiounen auszeginn?

Familljen-Center

Vill Leit hoffen, datt no enger Scheedung d‘Konflikter an d‘Streidereien en Enn hunn. Dacks bestinn dës awer iwwer d‘Trennung eraus. Wouru läit dat, a wat kann ee maachen, fir dëst ze vermeiden? - 2/2

Erzeiungs- a Familljeberodung

Eng kooperativ Eltereschaft ass grad bei Kanner mat getrennten Eltere ganz wichteg. D’Erzéiungs- a Familljeberodung ënnerstëtzt Famillen op dësem dacks schwéiere Wee.