Aus dem Liewen
KJT Kannerjugendtelefon
6 min
LGBTQIA+ steet fir lesbesch, gay, bisexuell, transsexuell/transgender, queer, intersexuell an asexuell. De + steet fir Mënschen, déi doriwwer eraus eng aner sexuell Orientéierung hunn oder sech als genderfluid bezeechnen. Et steet och fir d’Recht, déi eege sexuell Orientéierung ze weisen an ze liewen. Dozou gehéiert och de Courage sech ze outen.
Um KJT derm Kannerjugendtelefon, wéi och um Elterentelefon an och Online an Chatberodung, adresséiere sech Kanner, Jonker an hir Elteren, wa si sech Gedanke maachen iwwer déi sexuell Identitéit, a fir Unerkennung an der Gesellschaft.
“Sinn ech anescht? Stëmmt iergendeppes net mat mir? ... Wat bedeit e Coming-Out?”
Wéi hëlleft an ënnerstëtzt de KJT?
Explikatioune mam Carmen Weyer, Pädagogin beim KJT (www.kjt.lu)
D'Nummer vum KJT dem Kannerjugendtelefon ass den 116 116 an déi vum Elterentelefon 8002 4444
Cigale: https://www.cigale.lu
Rainbow-Center: https://rosaletzebuerg.lu/rainbow-center
Intersex & Transgender Luxembourg: https://echwellechkann.lu
Presentéiert vum
- Angie Maquil