Aus dem Liewen
Plomm Kannermusée
6 min
LOVE - Eng Rees an d’Land vun der Léift
Déi éischt temporär Ausstellung LOVE vum Kannermusée PLOMM hëlt d’Visiteure mat op eng Rees an d’Land vun der Léift. 20 Installatiounen op 2 Etagen an insgesamt 500 m² maachen d’Léift direkt spierbar, ganz ouni Wierder.
D’Léift ass een Theema, dat d’Kanner déifgrënneg beschäftegt. Léift ass universell, an awer och eenzegaarteg. Si ass iwwerall a gëtt awer ofhängeg vu Mënsch zu Mënsch, senger Situatioun a sengem Alter anescht wouergeholl an erlieft. Jiddereen huet aner Erfarungen, Gefiller a Gedanken, déi e mat der Léift verbënnt.
Ob kënschtleresch an abstrakt Aart a Weis gëtt d’Léift an all hiren Aspekter duergestallt. Et geet net nëmmen ëm d’Léift zu anere Mënschen, mee och ëm d’Léift zu sech selwer, ëm Erfarungen, déi engem guttdoen an nach ganz villes méi. Doduerch datt d’Ausstellung vum Kënschtlerkollektiv Team de Lux mat Iddien an Elementer vu Kanner erschafft ass, fannen d’Kanner sech och selwer dran erëm a kënnen aktiv matmaachen a sech abréngen.
Explikatioune vum Nick Friedl vum Kannermusée PLOMM (www.plomm.lu)
Presentéiert vum
- Angie Maquil