Aus dem Liewen
natur musée
7 min
Am natur musée gëtt et eng nei temporär Ausstellung vun engem spannenden Duo ze bestaunen. “Tönende Tiere“ heescht se a weist Déiereskulpturen aus Alldagsgéigestänn vum Artist Matthias Garff. Et gëtt awer net nëmme vill ze kucken, mee op d’mannst grad esou vill ze lauschteren. All Déiereskulptur gëtt nämlech vun enger Tounspuer begleet, op där een d’Geräisch oder de Gesang vum Déier an eng kënschtleresch Interpretatioun vum DJ a Biolog Dominik Eulberg lauschtere kann. Konscht a Musek verbanne sech an der Ausstellung fir fir d’Schéinheet an d’Villfalt vun der Natur ze sensibiliséieren.
Déi nei Ausstellung, déi nach bis de 6. Januar 2025 am natur musée leeft, kennt awer net eleng! Si ass begleet vun engem ofwiesslungsräiche Kaderprogramm. Derbäi si Virträg, Workshoppe fir Grouss a Kléng an esou guer e Pubquiz. D'Katharina Kurt stellt dat alles vir.
Presentéiert vum
- Pit Walté