Aus dem Liewen
Erzeiungs- a Familljeberodung
3 min
Chrëschtdag als getrennte Famill
Zesumme mat der Erzéiungs- a Familljeberodung kucke mir, wéi och d’Chrëschtdeeg als getrennte Famill gutt iwwer d'Bün kënne goen.
D’Trennung vun den Eltere betrëfft ëmmer déi ganz Famill, souwuel d’Eltere wéi och d‘Kanner. Dacks verännert sech vill am Liewe vun der Famill: eventuell gëtt geplënnert, d’Kanner gesinn hir Elteren ofwiesselnd asw. Besonnesch bewosst gëtt de Familljememberen déi nei Situatioun dacks, wa verschiddene Familljefester wéi Gebuertsdeeg oder ebe Chrëschtdag virun der Dier steet. Déi Deeg, déi ee virdrun zesummen an der ganzer Famill gefeiert huet a fir déi et dacks fest Traditioune gouf. Wéi kënnen dës Deeg elo gutt gestalt ginn? Wat kënnen Eltere maache fir d‘Belaaschtung vun de Kanner net ze grouss ginn ze loossen a wéi kënnen am beschte Fall nei Traditiounen entstoen?
Mat der Psychologin a Psychotherapeutin Anna Minelli vun der Erzéiungs-a Familljeberodung (https://www.erzeiungs-a-familljeberodung.lu)
Presentéiert vum
- Angie Maquil