Aus dem Liewen
CID | Fraen an Gender
4 min
D’Sensibiliséierung fir Geschlechtergerechtegkeet ass net nëmmen eng politesch, mee och eng pädagogesch Aufgab, déi am aktuelle gesellschaftleche Kontext eng héich Relevanz huet. Am Kader vu senger Konventioun mat der Stad Lëtzebuerg bitt de CID | Fraen an Gender zanter dem Wanter 2024 Workshoppen an de Stater Primärschoulen zum Sujet “Schéinheetsdrock a Sozial Medien“ un. Zil vun de Workshoppen ass et, d’Kanner ze sensibiliséieren, wéi Schéinheetsnormen entstinn a funktionéieren, a si doranner ze stäerken, dësen Drock ze hannerfroen an eng kritesch Meenung zu Medieninhalten ze entwéckelen, erkläert d’Esin Göksoy, vum CID | Fraen an Gender. (www.cid-fg.lu)
Presentéiert vum
- Angie Maquil