Aus dem Liewen
Kannermusée PLOMM
5 min
Als Member vun Hands On! - International Association Of Children In Museums, leet de Kannermusée PLOMM grousse Wäert op den interaktiven Aspekt vu senger Offer. Ob an den Ausstellungen oder an den Atelieren - iwwerall gëtt et Neies ze entdecken an auszetesten. Ganz an deem Sënn an duerch eng partizipativ Approche, dierf wärend de geféierten Entdeckungstouren duerch d‘Ausstellungen - Bam vun de Geschichten a LOVE - geklotert, gekrabbelt a geschwat ginn, d‘Kanner kënnen alles upaken an all d‘Knäppercher drécken. Si kënne sech Geschichten ulauschteren, awer och neier erfannen an dës selwer erliewen. Jidderee gëtt selwer aktiv. Duerch d‘Mediatioun an d’Mise en scène, déi op de jeeweilege Public ugepasst ginn, ginn d’Kanner mat op eng Rees geholl. Duerch dëse Kader an déi interaktiv Elementer versicht de Kannermusée PLOMM de Kanner an hire Begleetpersounen een eenzegaartegt Erliefnis ze erméiglechen. Wat sinn d’Ziler vun der Approche Hands On? Explikatioune vum Nick Friedl vum Kannermusée PLOMM (www.plomm.lu)
Presentéiert vum
- Angie Maquil