Aus dem Liewen
Gero Kompetenzzenter fir den Alter
6 min
Luxsenior.lu gouf duerch infosenior.lu ersat, eng Plattform, déi méi detailléiert a transparent iwwer agreéiert Servicer a Wunnstrukture fir Senioren zu Lëtzebuerg informéiert. Elo fënnt een en detailléierte Regëster mat Informatioune wéi Präisser, Zousazleeschtungen a Verfügbarkeet vu Servicer.
Déi nei Plattform bitt eng Funktioun, fir bis zu dräi Wunnstrukturen ze vergläichen, änlech wéi Tripadvisor, a kläert iwwer d’Käschten an d’Leeschtunge vun de Servicer op. Dëst soll Transparenz schafen an de Famillen hëllefen, déi passend Fleegestruktur ze fannen. Eng nei Qualitéitskontroll, initiéiert vum Familljeministère, soll weiderhin d'Qualitéit vun der Fleeg héichhalen an d’Servicer um Terrain iwwerpréiwen. Mam Alain Brever, Direkter vum Gero Kompetenzzenter fir den Alter (www.gero.lu)
Presentéiert vum
- Angie Maquil