Den IPW (Institut Pierre Werner) an d’EwB invitéieren op den Owend: “Low. David Bowie in Berlin”. De Reinhard Kleist weist a liest aus sengem neie Comic, an deem hien de Prozess vum Bowie zu Berlin opgräift. Dee bekannte Kënschtler war um Déifpunkt ukomm an huet sech nees selwer siche missen; ee Prozess, deen zu enger immenser Kreativitéit geféiert huet. Froen nom Selbst an no der authentescher Existenz kenne mir all an dësen Owend hëlt eis all mat op dem David Bowie seng Rees duerch Zweifel an Iwwerwannung.
Den Entrée ass fräi, Umellung ënner info@ipw.lu