Lëtzebuerg bitt op klengem Raum eng ganz Rei vu geologeschen Highlighten. Besonnesch interessant ass eng ganz bestëmmte Gestengsschicht am Süde vum Land: de sougenannten Uelegschifer. Dës Schicht ass e reegelrecht Lager fir Fossilien a konservéiert eng helle Wull un Informatiounen aus dem Jura, méi genee aus der Zäit vu viru ronn 180 Millioune Joer. Well dës Zäit international grad vill Opmierksamkeet op sech zitt, komme Mëtt Juni Wëssenschaftler:innen aus aller Welt am Naturmusée zesumme fir sech iwwer déi aktuell Fuerschung zu deem Theema auszetauschen.
arrow_back_ios
Aus dem Liewen
Naturmusée
Lauschteren
play_arrow
headphones
7 min
mic_none
Presentéiert vum
- Pit Walté
Episoden
Naturmusée
Am Süde vu Lëtzebuerg gëtt et Gestengsschichten, déi weltwäit Opmierksamkeet op sech zéien an dowéinst elo Theema vun engem internationale Wëssenschaftler:innen-Treffe sinn.
ZEV - Zenter fir exzessiivt Verhalen a Verhalenssucht
Mäi Kand kuckt keng Pornoen – oder dach?
CID | Fraen an Gender
Den CID Fraen a Gender invitéiert den 18. Juni op eng Soirée an der CID Bibliothéik zum Sujet Schéinheetsdrock, Sozial Medien a feministesch Interventiounen.
Erzéiungs- a Familljeberodung
Fair Play - am Interessi vun de Kanner
Initiativ Liewensufank
Seit 40 Jahren Familien begleiten - Wie sich Initiativ Liewensufank für Eltern und Kinder in Luxemburg engagiert
Kannermusée Plomm
De Musée riicht sech och mat enger Offer un déi Erwuessen aus dem Secteur vun der non-formaler Bildung.
Gero - Kompetenzzenter fir den Alter
Wichtegkeet vun der Beweegung am Alter
Familljen-Center
Kannerbicher iwwert Trennung a Scheedung.
EwB - ErwuesseBildung
Um Weekend vun den oppene Kierchen (5.- 7.Juni) geet et ëm d'Monumenter, déi an oder bei de Kierchen ze fanne sinn. 68 Kierche maache mat.
Naturmusée
Wëll Orchideeë vu Lëtzebuerg am Naturmusée
ZEV - Zenter fir exzessiivt Verhalen a Verhalenssucht
A wéi wäit huet eise Medienkonsum, kuerz virum Schlofe goen, en Afloss op eise Schlof?