Den éischte Weekend am Juni, zum Ufank vun der Touristesaison, fënnt traditionell de Weekend vun den oppene Kierchen zu Lëtzebuerg statt. Dëst Joer ass de Militärmusée Cooperatiounspartner. Et geet nämlech ëm d'Erënnerungskultur zu Lëtzebuerg, d'Monuments aux morts an aner Monumenter, déi een an a bei de Kierche fënnt. Deelweis sinn dat einfach Placke mat Nimm, deelweis sinn et awer och ganz schéi Konschtwierker mat vill, deels chrëschtlecher Symbolik. De Musée huet eng Datebank erstallt mat alle Monumenter, an d'Nimm, déi op de Placke sti wëllen si verknëppe mat deenen hirer Liewensgeschicht. Hannert all Numm verstoppt sech nämlech ee Schicksal, wat dacks e ganzt tragescht Enn fonnt huet.
Et gëtt a bal all Kierch un iergendeppes erënnert. Et ass derwäert, fir sech dat méi genee unzekucken. Um Weekend vum 6. a 7. Juni ass dat eng gutt Geleeënheet.