Aus dem Liewen
ErwuesseBildung
8 min
Interaktiv Niklos-Expo an der Kathedral an zu Dikrech an der Porkierch
Mat dëser Ausstellung an der Kathedral an zu Dikrech iwwer d'Traditioun zum Kleeserchersdag kréien d'Leit dee berüümte Personnage méi nobruecht. Mat engem Quiz a Visite-guidéeë fir Grouss a Kleng, Poppentheater fir d'Kanner, Matsang-Concert, historesche Filmopname vu senge Visitten a villen Uertschaften asw. kommen och schéin Erënnerungen op. Eis Sammlung vu Fotoe vum Hellegen Niklos weise bal 100 Kleesercher, déi op Weekräizer, an de Kierchen an un Haiser am ganze Land ze fanne sinn. Wie war dee bekannte Kannerfrënd, firwat gouf hien esou berüümt? Wéi erkläre sech d'Traditioune ronderëm hie virum 6. Dezember? A firwat ass säi Message leider ëmmer nach aktuell?
Dës Expo ass och interessant fir Frënn vu reliéiser Konscht, well se, unhand vum Hellegen Niklos, en Iwwerbléck gëtt vu Statuen a Fënsteren, déi iwwer déi lescht 200-300 Joer geschafe goufen. Explikatioune vun der Laure Simon, Coordinatrice vun der Expo.
Erausgepickt:
D'Expo ass an der Stad an der Kathedral vum 16. -24.11.; zu Dikrech an der Porkierch: 26.11.-8.12.2024
An da gëtt et nach eng Konferenz iwwer d'Duerstellunge vum Niklos a seng Traditioune vum Dr. Tom Zago aus der Nationalbibliothéik a Workshoppen a Visite-guidéeë fir Kanner an aner Gruppen op Ufro. (www.ewb.lu)
Presentéiert vum
- Angie Maquil