Radioen

On air

Concert  |  Ee Quintett an zwee Quartetter

play_arrow Live
arrow_back_ios

Aus dem Liewen

search / Aus dem Liewen

/ Kannermusée PLOMM

Kannermusée PLOMM

headphones

4 min

Lauschteren play_arrow

Centre de ressources - Kannerbedeelegung entwéckelen a fërderen
An der Kontinuitéit vum nationale Plang fir déi non-formal Bildung ass 2023 e Réseau de Centres de Ressources opgestallt gi fir pädagogesch Begleedung a spezifesche Beräicher unzebidden an esou non-formal Bildungsmethoden ze fërderen.
Am Kannermusée PLOMM dréit sech alles ëm d’Kannerbedeelegung a ronderëm d’Froen: Wéi kënne mir d’Kanner wäertschätzen a mat hinnen zesummen eis Welt vu muer opbauen? Wéi kënne mir si deelhuele loossen un Entscheedungsprozesser a si als Bierger mat eegener Stëmm consideréieren?
An de Projete gëtt Raum fir Kanner geschaf, fir si dobäi ze ënnerstëtzen hir Iddien ze äusseren an dofir och déi néideg Kompetenzen ze entwéckelen. Dës partizipativ Methoden an Usätz gi gesammelt, fir se dann op nationalem Niveau ze deelen. D’Ekipp vum Kompetenzlabo riicht sech mat enger Offer u Weiderbildungen, Fachbegleedungen a pädagogeschem Material zum Theema Participatioun un Institutiounen, Personal aus dem Bildungssecteur an och Studenten aus dem edukativen a kënschtleresche Beräich.

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Kannermusée PLOMM

Den 20. November ass den internationalen Dag vun de Kannerrechter. Wéi kënne mir de Kanner dës Rechter an och demokratesch Wäerter méi nobréngen?
headphones

4 min

play_arrow

ZEV - Zenter fir exzessiivt Verhalen a Verhalenssucht

Problematescht Kafverhale ronderëm de Black Friday
headphones

5 min

play_arrow

CID | Fraen an Gender

Orange Week - Sensibiliséiere fir eng Welt fräi vu genderspezifescher Gewalt
headphones

3 min

play_arrow

Erzéiungs- a Familljeberodung

Jidderee kennt Situatiounen am Alldag, an där een als Eltere manner Gedold huet, wéi ee sech et wënscht. Seng Kanner konstruktiv ze ënnerstëtzen ass fir vill Elteren awer zentral wichteg.
headphones

5 min

play_arrow

Eltereschoul J. Korczak

Hausaufgabe sinn ee wichtegen Deel vum Léieren, awer dacks e Moment vu Stress an Onzefriddenheet. Wéi kann een doheem an der Famill dofir suergen, datt d’Hausaufgab kandgerecht gemaach gëtt? - 2/2
headphones

9 min

play_arrow

natur musée

Asteroiden: Gefor oder Chance fir d’Äerd?
headphones

6 min

play_arrow

GERO-Kompetenzzenter fir den Alter

geroRESEARCH / Mental Gesondheet
headphones

6 min

play_arrow

Familljen-Center

Vill Leit hoffen, datt no enger Scheedung d'Konflikter an d'Streidereien een Enn hunn. Dacks bestinn dës awer iwwer d'Trennung eraus. Wouru läit dat, a wat kann ee maachen, fir dëst ze vermeiden? - 1/2
headphones

4 min

play_arrow

ErwuesseBildung

D'Kleesercherstraditioun ass am nationalen Inventaire vum immaterielle Patrimoine zu Lëtzebuerg. Mee, wien ass dee Personnage vum Hellegen Niklos? A wéi erkläre sech déi Traditioune virum 6. Dezember?
headphones

8 min

play_arrow

BEE SECURE Helpline

BEE SECURE sensibiliséiert Kanner an Eltere mat Coursen an Informatiounsmaterial fir ee méi sécherheetsorientéierten a verantwortungsvollen Ëmgang mat den digitalen Technologien a bitt och e Beroodungsdéngscht.
headphones

7 min

play_arrow

Kannermusée PLOMM

Zanter 2023 ass de Kannermusée PLOMM zu Wolz e Centre de ressources fir déi non-formal Bildung mam Fokus d‘Participatioun vu Kanner duerch Kultur a Konscht ze entwéckelen an ze fërderen.
headphones

4 min

play_arrow

ZEV - Zenter fir exzessiivt Verhalen a Verhalenssucht

Peter Bieg analysiert den boomenden Markt für politische Wetten in den USA. Er spricht über rechtliche Herausforderungen, die Interessen von Investoren und die Rolle dieser Plattformen.
headphones

5 min

play_arrow

CID | Fraen an Gender

Dir sicht eng Plaz fir zu Schaffen an Téi zu drénken? Dir braucht Bettlektür, Diskussiounen a Liesstoff fir Kanner? All dat fannt Dir an der feministescher Bibliothéik a Mediathéik.
headphones

6 min

play_arrow

Erzéiungs- a Familljeberodung

A ville Famille gëtt et Diskussiounen iwwer d’Opraumen. Wei kann een als Elteren dëst Theema méi relax ugoen?
headphones

6 min

play_arrow

Eltereschoul J. Korczak

Wann d’Schoul Auswierkungen op d'Familljeliewen huet
headphones

6 min

play_arrow

GERO - Kompetenzzenter fir den Alter

Betreit Wunnen, ass dat eppes fir mech? Wunnen am Alter - 3/3
headphones

7 min

play_arrow

Familljen-Center

Mir trennen eis a bleiwen Elteren! De Familljen-Center beschäftegt sech mat der Begleedung a Berodung vu Koppelen an Trennung an ënnerstëtzt si dora Weeër ze fannen, weiderhi gutt Elteren ze bleiwen. - 2/2
headphones

5 min

play_arrow

ErwuesseBildung

Smartphone, Computer und Co. sind aus dem Alltag der meisten Menschen nicht mehr wegzudenken. Doch nicht allen fällt der Umgang damit leicht. Die Kurse und Beratungsangebote in der i-Stuff der EwB unterstützen dabei.
headphones

4 min

play_arrow

(KJT) Kanner-Jugendtelefon

Zanter 1992 gëtt et de Kanner-Jugendtelefon. Well sech ëmmer méi Elteren och u si gewant hunn, gouf 2007 dunn den Elterentelefon an d’Liewe geruff. D’Nummer ass den 8002 4444.
headphones

6 min

play_arrow

natur musée

Bal kee weess, wat Schlaangestäre sinn, dobäi liewe se praktesch iwwerall um Mieresbuedem. D’Paleontologen aus dem matur musée notzen zanter Jore Schlaangestärfossilie fir d‘Geheimnisser vun der Evolutioun erauszefannen.
headphones

6 min

play_arrow