Aus dem Liewen
Eltereschoul J. Korczak
6 min
A ville Famillen huet d’Theema Schoul een ëmmer méi groussen Impakt. Wéi verhënneren Elteren, datt all Gespréicher mat a ronderëm hir Kanner just nach iwwer Schoultheeme ginn?
Hausaufgaben e grousse Stressfaktor
Wa mir am Hierscht mat Elteren diskutéieren, da si Schoul an Hausaufgaben dacks Theema Nummer eent. De Schoulalldag spillt eng wichteg Roll, dat ass normal. Et ass d’Aarbechtsplaz vun eise Kanner. Eltere sollen a musse sech dofir interesséieren, wéi de Schoulalldag vun hire Kanner ausgesäit, an awer sollte si oppassen, datt d‘Schoul net omnipresent am Liewe vun de Kanner an der Famill gëtt. D’Eltereschoul J. Korczak mierkt dacks, datt d’Eltere just nach hiert “Schoulkand“ gesinn a vergiessen op déi aner Aspekter vun hirem Kand ze kucken. Dës Situatioun schläicht sech dacks lues a lues an de Familljenalldag an, ouni datt een et mierkt.
Am Gespréich probéiert d’Eltereschoul e puer Astucen mat op de Wee ze ginn: Wéi een dofir suerge kann, datt d’Schoul déi Plaz kritt, déi se brauch ouni awer de ganze Familljenalldag ze dominéieren.
Mat der Jeannine Schumann, Chargée de Direction vun der Eltereschoul J. Korczak
Erausgepickt:
Webinar: Méindeg, 18.11.24
18:00-20:00: D’Kanner an hir Emotiounen - Webinar fir Elteren (LU)
(www.Kannerschlass.lu)
Presentéiert vum
- Angie Maquil