Aus dem Liewen
CID | Fraen an Gender
5 min
De CID | Fraen an Gender ass eng ASBL, déi 1992 gegrënnt gouf a sech fir d’Gläichstellung vun alle Geschlechter asetzt, besonnesch awer fir de Schutz vu Fraerechter a Minoritéiten. Hire Sëtz ass am Zentrum vun der Stad, an der Foussgängerzon 14, rue Beck, um 2. Stack. Nieft enger Bibliothéik a Mediathéik fënnt een hei ënner anerem d’Archive vun der lëtzebuergescher Fraebeweegung.
Donieft organiséiert de CID reegelméisseg kulturell a politesch Eventer, bitt awer och Workshoppe fir Kanner a Jonker un. Duerch Lobbyaarbecht sollen och op politeschem Niveau strukturell Verännerunge fir eng méi gläichberechtegt Gesellschaft gefërdert ginn. D’Verdeelung vun der Care-Aarbecht, sexistesch Belästegung am ëffentleche Raum an op der Aarbecht, an d’Ënnerrepresentatioun vu Fraen a kulturelle Programmatioune si grad esou Sujet wéi d’Befreiung vu Genderklischeeën, d’Bedeitung vu feministeschem Fridden an d’Fërderung vu Genderfuerschung zu Lëtzebuerg. Invitée ass d‘Isabelle Schmoetten, Chargée de Direction vum Cid (www.cid-fg.lu)
Presentéiert vum
- Pit Walté