Aus dem Liewen
Kannermusée PLOMM
6 min
Am Abrëll dëst Joer huet de Kannermusée PLOMM zu Wolz seng Dieren opgemaach. Wéi den Numm et schonn ze erkenne gëtt, ass et e Musée fir Kanner vun 0 bis 12 Joer. D’Iddi vum Kannermusée zu Wolz gouf et zanter 2010 a gouf duerch d’Aarbecht vum Kannerbureau Wooltz vun 2012 u konkretiséiert.
Am Kannermusée PLOMM sinn d’Ausstellungen nom Prinzip Hands On geduecht - et ass net nëmmen erlaabt alles unzepaken, mee souguer ausdrécklech erwënscht.
De jonke Public ass invitéiert aktiv matzemaachen, souwuel beim Ausschaffe vun neien Iddien oder der Realisatioun vun de verschiddensten Elementer. Am Fokus steet déi aktiv Kannerbedeelegung iwwer de Wee vun der Konscht zum Ausdrock ze bréngen.
Als 1 vu 5 Centres de ressources fir déi non-formal Bildung ass et och dem Kannermusée PLOMM seng Missioun Partizipatiounsmethoden a -projeten ze entwéckelen a Kannerbedeelegung a Maison-relaisen, Crèchen a Gemengen duerch Fachbegleedungen, Weiderbildungen a pädagogescht Material ze förderen.
Invitée ass d'Manon Eicher, Directrice vum Kannermusée PLOMM
Méi Informatiounen ënner www.plomm.lu
Presentéiert vum
- Angie Maquil