Biotop
Insektefrëndlech méie fir méi Biodiversitéit
15 min

D'Insekten an d'Biodiversitéit brauchen eis Ënnerstëtzung, dat ass mëttlerweil keng Diskussioun méi.
"Fir eng eng richteg Wëllblummewiss unzeleeën, dierf ee just 1 bis 2 Mol, am Joer méien, dat ass dann esou ëm Nationalfeierdag a spéit am Wanter".
Urbaniséierung ass e wichtege Faktor wat dat weltwäit zeréckgoe vun den Insekten ugeet - mee an deenen urbane Flächen gëtt ëffentlecht a privat Gréngs, wou et fir Déieren a Planzen méiglech ass, fir an enger gewësser Diversitéit ze iwwerliewen.
D'Schwieregkeet fir d'Déieren läit oft do, datt déi Flächen ze vill intensiv an och ouni Récksiicht op si gefleegt ginn. Dat traditionellt Méinen vun de Flächen ass eng grouss ekologesch Belaaschtung.
Ouni an den Extrem ze verfalen, a guer net méi ze méinen, kann ee mat e puer einfache Reegelen vill fir d'Insekten- an Déiere-Vilfalt maachen: méi seelen a méi spéit méinen, mat der Maschinn vu banne no bausse fueren, net ze vill kuerz méien, an de Méiroboter schlau programméieren. Mam Marianne Kollmesch vun der Ëmweltberodung
Episoden

Aktioun Insektenzielen: Méi wéi Beien! Ziel mat!
Vum 9. bis den 18. Juni ginn Insekten gezielt, doheem am Gaart, um Balcon oder am Bongert.

Blummewiss
Voller Liewen, schéin ze kucken a wéineg Aarbecht, dat ass eng Blummewiss am eegene Gaart.

Krunnewaasser oder Fläschewaasser?
Tipps dozou ginn et vun der Marianne Kollmesch, Vertriederin vun der Ëmweltberodung Lëtzebuerg.

D'Vullelberéngungsstatiounen zu Lëtzebuerg
Déi einheimesch Villercher besser kenneléieren.

Mëschkulturen am Gaart
Mëschkultur am Geméisgaart: e Mix vu Planzen, Kraider a Blummen

Eng wichteg Roll am Ekosystem
Sechs onbeléiften Déieren, déi d'Leit dacks nerven, awer ganz nëtzlech sinn: de Kueb, d'Dauf, d'Spann, d'Harespel, de Maulef an d'Flantermaus.

D'Harespele (k)eng Plo
Harespelen hunn e schlechten Numm, och wann dat net berechtegt ass.

Uleeën a flege vun engem Hochbeet
Fir en Hochbeet unzeleeën ass elo déi beschten Zäit. Fir unzefänke soll een Tomaten, Poretten a Kornischonge planzen.

Carbon Footprint
Carbon Footprint - CO2-Foussofdrock - mir komme net derlaanscht!

D'Gesondheet vun de Bëscher
Den Internationalen Dag vum Bësch (21. Mäerz) gëtt duerch d'Klimakris ëmmer méi wichteg

Gromperen an alle Gréissten a Faarwen
Elo gëllt et mat de Preparatiounen am Gaart unzefänken, wann een am Juni/Juli eng gutt Recolte wëll hunn
