Radioen

On air

Notturno  |  Westerman - A Lens Turning

play_arrow Live
arrow_back_ios

Sot emol

100komma7.lu / Sot emol

/ Tommy Schlesser: "Glieser hallef voll gesinn"

Tommy Schlesser: "Glieser hallef voll gesinn"

headphones

51 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Den Tommy Schlesser ass e Schauspiller, fir deen et am Filmgeschäft richteg gutt leeft. Zum Beispill ass hien an der zweeter Staffel vu "Capitani" ze gesinn - eng Serie, déi un Netflix verkaf gouf.

Am Kino stoung hien op der Affiche vun der spuenesch-lëtzebuergescher Koproduktioun "Lemon and Poppy Seed Cake". D'lescht Joer war hien zu Cannes um rouden Teppech fir de Film "Rebel" vum Adil El Arbi an Bilall Fallah, wou hien en IS-Kämpfer spillt.

An hie spillt och a "Läif a Séil" vum Loïc Tanson, an hie freet sech drop, wann "Die Bergretter" beim ZDF gewise ginn, um klengen Ecran, do wou Villes fir hien ugefaangen huet, notamment an Tëleesproduktioune vu Rosamunde Pilcher, oder "Das Traumschiff".

Den Tommy Schlesser huet schonn als Bouf mat sengem eelere Brudder Emile éischt kleng Filmer gedréit, de Fonke vun der Magie vun der Kamera ass jonk bei him eriwwer gesprongen. Dat, obwuel hien aus enger Famill vu Juriste kënnt. Säin Urgrousspapp, Grousspapp a Papp hunn dee Beruff ausgeüübt, an obwuel den Tommy Schlesser deen och ugehaangen huet, andeems hien Droit studéiert huet, ass hie séier nees vu senger Passioun dem Kino ugezu ginn.

Eigentlech wollt hien 2012 op Köln op d'Film Acting School goen, mee du krut hie seng éischt Roll ugebueden an der Lëtzebuerger Sitcom "Comeback". Dat war säin Debut. Säi Studium huet hien trotzdeem duerchgezunn, net zu Köln, mee zu Los Angeles.

2013-2014 hat hie seng eege Sketch-Comedy Serie "Wat Elo?" fir RTL Télé Lëtzebuerg, wou hien an circa 100 kuerzen Episoden zesumme mat sengem Brudder Émile Schlesser opgetrueden ass.

2015 war den Tommy Schlesser an enger Gaaschtroll an der däitscher RTL-Serie "GZSZ" als Austauschstudent Eike Habicht ze gesinn.

Am Kuerzfilm "Long Lost", deen als beschte Kuerzfilm beim Max Ophüls Preis nominéiert war, hat de Schlesser d'Roll vun engem jonke Strummert mat krimineller Vergaangenheet. 2018 war hien am lëtzebuergesche Kinosfilm "Superjhemp Retörns", nieft der Julie Kieffer an der Désirée Nosbusch ze gesinn.

Am Februar 2022 du fir vill Persounen e laang erwaarte Moment. Déi zweet Staffel vu "Capitani", an där hien d'Roll vun engem Drogeboss spillt.

D'Natasha Ehrmann féiert duerch d'Gespréich.

Kultur
Politik a Gesellschaft

Episoden

Michèle Weber: "Fraen an der Wëssenschaft"

Michèle Weber: "Fraen an der Wëssenschaft"

Um International Day of Girls and Women in Science ass d'Wëssenschaftlerin an d'Wëssenschaftsvermëttlerin vum FNR, dem Fond National de recherche Invitée.
headphones

56 min

play_arrow
Nora Schleich: "Ech wëll d'Welt an d'Liewe verstoen"

Nora Schleich: "Ech wëll d'Welt an d'Liewe verstoen"

D'Invitée huet en Doktorat an der Philosophie a fuerscht vill Jore schonn iwwer dat Schéint, iwwer ästheetesch Perceptioun a Bewosstsinn, wéi mir dat Ästhetescht verstinn.
headphones

56 min

play_arrow
Nathalie Groeber: "Covid huet näischt mat enger Gripp ze dinn"

Nathalie Groeber: "Covid huet näischt mat enger Gripp ze dinn"

D'Invitée krut Enn 2020 de Coronavirus. Si ass ni richteg gesond ginn, an aus hirem Covid gouf Long-Covid.
headphones

48 min

play_arrow
Franz Schilling: "Droit en Interessi - Musek eng Passioun"

Franz Schilling: "Droit en Interessi - Musek eng Passioun"

De Bassbariton huet Droit zu Montpellier, Tromsö a Leiden studéiert an ass aktuell Student am Gesang um Mozarteum zu Salzburg.
headphones

55 min

play_arrow
Kardinol Jean-Claude Hollerich: "Sech zesummen unerkennen"

Kardinol Jean-Claude Hollerich: "Sech zesummen unerkennen"

Deen éischte Kardinol vu Lëtzebuerg krut rezent den Abraham-Geiger-Präis iwwerreecht. Am Interview schwätzt hien doriwwer, wéi hie vum Paschtouer Äerzbëschof an du Kardinol gouf.
headphones

39 min

play_arrow
Yannick Lieners: "De Sport huet mer gehollef"

Yannick Lieners: "De Sport huet mer gehollef"

Um Weltkriibsdag erzielt den Triathlet iwwer säi Liewen no der Diagnos Leukemie. Mam Plooschterprojet wëllt hien anere Mënschen hëllefen a Courage maachen.
headphones

55 min

play_arrow
Yannick Lieners: "De Sport huet mer gehollef"

Yannick Lieners: "De Sport huet mer gehollef"

Um Weltkriibsdag erzielt den Triathlet iwwer säi Liewen no der Diagnos Leukemie. Mam Plooschterprojet wëllt hien anere Mënschen hëllefen a Courage maachen.
headphones

55 min

play_arrow
Gilles Lacour: "Musek soll Freed maachen"

Gilles Lacour: "Musek soll Freed maachen"

Den Invité ass Regierungskommissär fir de Museksunterrecht an och selwer Museker.
headphones

55 min

play_arrow
Sascha Ley

Sascha Ley

Si ass eng vun de bekanntste Lëtzebuerger Kënschtlerinnen an huet sech och en Numm als Schauspillerin gemaach, ënner anerem a Filmer vum Andy Bausch oder beim Tatort.
headphones

52 min

play_arrow
Jean-Claude Schlim: "Ouni Passioun wier et net gaang"

Jean-Claude Schlim: "Ouni Passioun wier et net gaang"

De fréiere Journalist kuckt op 30 Joer Karriär am Filmsecteur zeréck: als Filmtechniker, Regisseur, a Produzent. 2009 huet hie säin eegene Film realiséiert, "House of Boys".
headphones

55 min

play_arrow
Claudie Grisius

Claudie Grisius

Déi geléiert Affekotin huet no 20 Joer hire professionelle Wee radikal changéiert an e Moude-Label made in Luxembourg gegrënnt.
headphones

44 min

play_arrow
Anna Mathieu: "Déi richteg Wierder fannen"

Anna Mathieu: "Déi richteg Wierder fannen"

Déi richteg Wierder fanne beim Verloscht vun engem Mënsch läit der Invitée um Häerz. Dernieft ass si Autorin an huet e Master an der Gerontologie.
headphones

55 min

play_arrow
Elisa Meyer: "Entspanung duerch Beréierung"

Elisa Meyer: "Entspanung duerch Beréierung"

Wéi grouss ass Bedeitung vun enger kierperlecher Beréierung? Dozou Äntwerten am Gespréich mat der Invitée: si ass Kuscheltherapeutin.
headphones

56 min

play_arrow
Romain Meyer

Romain Meyer

De Geolog enseignéiert an erfuerscht an de Geo-Wëssenschaften: Vulkanologie, Petrologie, Geochimie, Geomedezin, Geobiologie a Sciences environementales et planétaires.
headphones

56 min

play_arrow
Ainhoa Achutegui

Ainhoa Achutegui

Déi aktuell Direktesch vum Centre Culturel Neumünster huet baskesch a venezuelanesch Wuerzelen, hir Karriär zu Wien gestart an ass eng engagéiert Feministin.
headphones

51 min

play_arrow
Anna Mathieu: "Déi richteg Wierder fannen"

Anna Mathieu: "Déi richteg Wierder fannen"

Déi richteg Wierder fanne beim Verloscht vun engem Mënsch läit der Invitée um Häerz. Dernieft ass si Autorin an huet e Master an der Gerontologie.
headphones

55 min

play_arrow
Susy Lentz: "No 20 Joer soen d'Makadammen Äddi"

Susy Lentz: "No 20 Joer soen d'Makadammen Äddi"

D'Sängerin, Actrice an eng vun de Makadammen ass d'Invitée.
headphones

53 min

play_arrow
Dan Tanson

Dan Tanson

Acteur, Poppespiller, Produzent, Regisseur, Sänger: seng Léift gehéiert dem Theater an de Spektakele fir Kanner.
headphones

55 min

play_arrow
Eugénie Anselin: "D'Actrice huet sech duerchgesat"

Eugénie Anselin: "D'Actrice huet sech duerchgesat"

D'Actrice, déi Enn Februar am Théâtre du Centaure "Juste la fin du monde" vum Jean Luc Lagarce an enger Mise en scène vun der Myriam Muller spillt, ass Invitée.
headphones

55 min

play_arrow
Dr. Marc Diederich: "E Liewe fir d'Fuerschung"

Dr. Marc Diederich: "E Liewe fir d'Fuerschung"

De Professer fir Biochimie an Direkter vum Laboratoire de Biologie Moléculaire et Cellulaire du Cancer um Kierchbierg ass den Invité.
headphones

55 min

play_arrow