Sot emol
Michèle Weber: "Fraen an der Wëssenschaft"
56 min
Haut ass den International Day of Girls and Women in Science- een Dag, deen drop opmierksam soll maachen, datt et net genuch Fraen gëtt, déi sech fir Wëssenschaft interesséieren oder an deem Domän schaffen. D'Invitée beim Jean Claude Majerus ass deemno eng Wëssenschaftlerin, d'Michèle Weber.
D'Michèle Weber ass aktuell Science Communicator oder anescht gesot, Wëssenschaftsvermëttlerin beim Fond National de Recherche, FNR a vun der Formatioun hier huet si en Doktorat an der Immunologie, et ass eis d'Immunsystem, dat si als Wëssenschaftlerin interesséiert a faszinéiert.
Fir d'Michèle Weber ass den International Day of Girls and Women in Science wichteg, well d'Statistike vun 2021 weisen eng Situatioun, mat där si net zefridden ass. An Europa waren 2021 grad emol 33 Prozent vun alle Fuerscher Fuerscherinnen. An zu Lëtzebuerg esou guer nach manner, do waren et knapp 28 Prozent Fraen, esou d'Michèle Weber, an dat ass leider eng Realitéit.
An dofir ass deen Dag do, fir ze weisen, wéi vill Fuerscherinnen a Wëssenschaftlerinnen et gëtt, a fir jonk Fraen ze inspiréieren, déi Karriär spéider eng Kéier anzeschloen oder einfach nëmme fir Wëssenschaft ze begeeschteren an ze intresséieren. Et ass genee dat, wat d'Michèle Weber all Dag lieft.