Sot emol
Claudie Grisius
44 min
D'Decisioun huelen eng Karriär, e Beruff ze kënnegen, fir aus senger Passioun e Beruff ze maachen: Dat klengt fir vill Mënsche wéi en Dram. Deen huet eng Fra sech erfëllt, wéi si decidéiert huet, hiren Job als Affekotin un den Nol ze hänken a mat hirer Schwëster Moudendesignerin ze ginn. Mat vill Entrepreneursgeescht, Kreativitéit an Duerchsetzungsverméigen huet si e Moude-Label gegrënnt, deen iwwer Messagen zu enger Selbst-Reflektioun ureegt, an iwwerdeems och der Fro vun der Nohaltegkeet an der Moud gerecht gëtt.