Sot emol
Eugénie Anselin: "D'Actrice huet sech duerchgesat"
55 min
D'Invitée gouf zu Paräis gebuer, huet an Däitschland an zu Lëtzebuerg gewunnt. Si huet scho ganz fréi hir éischt Tentativen am Theater gemaach an erauskoum de Beruff vun der Schauspillerin. Rieds geet vun der Eugénie Anselin, déi aktuell nees zu Lëtzebuerg ass a vun Enn Februar un an der Produktioun vum Théâtre du Centaure "Juste la fin du monde" vum Jean Luc Lagarce an enger Mise en scène vun der Myriam Muller ze gesinn ass. D'Eugénie Anselin ass Actrice, mee si hätt och kéinte Musekerin, Geiistin ginn, eng Karriär am Sport wier och dra gewiescht. An een Ament wollt si esou guer Medezin studéieren.
Vill Theemen, iwwer déi de Jean Claude Majerus mat der Eugénie Anselin schwätzt. An Dir gitt och gewuer, wéi eng Rollen e klengen Ball an d'Mathematik bei hir gespillt hunn.