Sot emol
Yannick Lieners: "De Sport huet mer gehollef"
55 min
De 4. Februar ass de Weltkriibsdag - en Dag, wou op der ganzer Welt un dës schlëmm Krankheet geduecht gëtt. Kriibs ass nach ëmmer eng vun den heefegsten Doudesursaachen.
Invité beim Jean Claude Majerus ass de Yannick Lieners, Initiateur vum Plooschterprojet a passionéierte Sportler. De Sport war an ass de Mëttelpunkt vu sengem Liewen, an deen huet hien och op héijem Niveau praktizéiert. Hie gouf awer 2014, vun engem Ament op deen aneren, vum Héichleeschtungssportler zu engem schwéierkranke Mënsch, wéi bei him eng Leukemie diagnostizéiert gouf.
Den Triathlet Yannick Lieners erzielt iwwer säi Liewen no der Diagnos Leukemie, wéi hien iwwer de Plooschterprojet anere Mënsche wëllt hëllefen a Courage maachen, a wéi de Sport him an der schwiereger Situatioun gehollef huet.
Am Gespréich mam Yannick Lieners geet rieds iwwer säi Wee, deen hie bis haut gaangen ass, wéi hie seng Krankheet konfrontéiert huet. Mee awer och, wéi eng Roll säi Sport gespillt huet.
Ee weidere Sujet ass natierlech d'ASBL Plooschterprojet, déi de Yannick Lieners gegrënnt huet, fir duerch seng eege Situatioun anere concernéierte Mënschen ze hëllefen a Courage ze maachen.