Sot emol
Kardinol Jean-Claude Hollerich: "Sech zesummen unerkennen"
39 min
De Jean-Claude Hollerich, Äerzbëschof vu Lëtzebuerg a Kardinol, krut rezent den Abraham-Geiger-Präis 2022 iwwerreecht. De Rabbinerseminar Abraham Geiger Kolleg zu Potsdam vergëtt dee Präis zanter 2000 all Joers u Leit, déi wéinst Verdéngschter ëm d'Juddentum a senger Diversitéit op sech opmierksam gemaach hunn. De Kardinol Jean-Claude Hollerich wier ee Garant vu liewegen a respektvolle kathoulesch-jüddesche Bezéiungen. Virun allem hätt säi Pluralismus dofir gesuergt.
Hien huet och grad e Buch erausbruecht: "Was auf dem Spiel steht", an deem d'Fro vun der Zukunft vum Chrëschtentum gestallt gëtt. Mat virop der gravéierendster Fro, Fraen an alle Beräicher vun der Kierch gläichberechtegt ze bedeelegen.
De Jean-Claude Hollerich huet eng Lizenz an der Germanistik, schwätzt Japanesch an huet Literatur an Theologie studéiert. Hien ass vun Déifferdeng iwwer Roum, München a Bréissel op Tokio gaangen, wou hien e puer Joer Statioun gemaach huet. Virun allem ass hien e Mann, dee säi Liewen der Kierch dediéiert huet, an deem säi Wee vum Jesuitte-Pater iwwer Äerzbëschof bis hin zum éischte Lëtzebuerger Kardinol an der Geschicht geféiert huet.
De Kardinol - deen dem Poopst, deen och Jesuit ass - nosteet, gesäit wéi de Poopst d'EU als vitale Friddensprojet, dee sech internationale Froen unhëlt, déi national oder regional net kënne geléist ginn. Mam Wëlle géint Populismus an Nationalismus virzegoen. Donieft sinn Europa, Migratioun, Jugendaarbecht an d'Zukunft vum Chrëschtentum aner Theemen, déi hie beschäftegen an iwwer déi rieds geet mam Natasha Ehrmann.