Sot emol
Gilles Lacour: "Musek soll Freed maachen"
55 min
Am September dëst Joer soll d'Reform vum Museksunterrecht iwwert d'Bün goen, seet de Regierungskommissär fir den Enseignement musical Gilles Lacour. Ee wichtege Schratt fir d'Zukunft vum Museksunterrecht hei am Land.
De Gilles Lacour, dee selwer Museker ass, erënnert sech gären u seng Kannerzäit zeréck wou hien, wéi ee seet, Musek geléiert huet. Fir de Gilles Racour ass et wichteg, datt an Zukunft de Museksunterrecht gratis an accessibel fir jiddweree gëtt. Well d'Musek kann eng Passioun fir d'Liewe ginn.