Sot emol
Elisa Meyer: "Entspanung duerch Beréierung"
56 min
De Mënsch brauch Affektioun, an dat ka ganz verschidde sinn. Dat kann e gutt Wuert sinn, dat kann de Kontakt mat anere Mënsche sinn, mee dat kann awer och eng Beréierung, also direkte Kontakt sinn. Et sinn der bestëmmt vill vun Iech, déi kennen et vun hire Kanner oder Enkelkanner, déi mol de Besoin hu sech beieneen ze sëtzen, oder ze leeën, fir e bëssen ze kuschelen. Fir vill Elteren zielt dat sécher zu de ganz groussen Amenter. Mee dat Kuschele brauchen net nëmme kleng Kanner. Och soss huet oder kann all Mënsch de Besoin no kierperlechem Kontakt hunn, ouns datt dat elo soll falsch interpretéiert ginn.
Wann et ëm d'Kuschele geet, da si mer bei der Invitée vum Jean Claude Majerus, der Elisa Meyer. Si ass Kuscheltherapeutin. Dir gitt gewuer, wat Kuscheltherapie ass, a virun allem solle Klischeeën aus dem Wee geraumt ginn. Méi Informatiounen iwwer d'Kuscheltherapie hei.