Radioen

On air

Am Buedmantel  |  Cass Mccombs - Opposite House

play_arrow Live
100komma7.lu / Biotop

/ D'Vullelberéngungsstatiounen zu Lëtzebuerg

D'Vullelberéngungsstatiounen zu Lëtzebuerg

headphones

12 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Zu Lëtzebuerg gi schonn zanter den 1930er Jore Villercher gefaangen, beréngt, an duerno erëm schnellstméiglech fléie gelooss. Hei am Land ginn et momentan dräi Statiounen, dat sinn d'Schlammwiss zu Rued-Sir, de Schëfflenger Brill zu Schëffleng an d'Baggerweieren zu Rëmerschen, wou d'Villercher vu fachkënnege Persoune fir wëssenschaftlech Zwecker dokumentéiert a beréngt ginn.

Op dëse Statioune ginn d'Villercher mat Hëllef vu spezielle Japannetzer gefaangen an et kritt all Villchen een Aluminiumrank mat enger eemoleger Nummer un. Esou kann dëse Villchen, egal wou en op der Welt erëmfonnt gëtt, genee identifizéiert ginn, an et kann ee méi iwwer d'Upassungen an d'Bedürfnisser vun deene verschiddenen Aarten erausfannen. Mat dësem Wësse kann een déi verschidden Aarten da geziilt schützen, well ee genee weess, wéi eng Uspréch si hunn.

Den Eric Kraus, Coordinateur vun de Vulleberéngungsstatiounen zu Lëtzebuerg, mat weideren Explikatiounen

Politik a Gesellschaft

Episoden