Biotop
Mëschkulturen am Gaart
10 min

Mëschkultur am Gaart kann engem op deen éischten Bléck chaotesch virkommen, well alles duerchernee geplanzt gëtt an net schéin akkurat gesënnert a Reien, wéi mir dat gewinnt sënn. Mee dofir gëtt et verschidde gutt Grënn.
Blummen am Geméisbeet
Verschidden Planze gi Stoffer of, déi aner Planze schütze viru Schädlingen a Krankheeten. Och Blummen am Geméisbeet si flott ze kucken an zéie Bestëbser un, vun deem d'Geméis profitéiert. Starkzehrer niewent Schwachzehrer versti sech gutt well si sech net géigesäiteg behënneren, grad esou wéi Planze mat déiwen, respektiv flaache Wuerzelen.
Mëschkultur huet vill Virdeeler par Rapport zur traditioneller Form vum Geméisbeet, well een d'Recolte ka vergréisseren a manner Aarbecht huet. Och d'Fruchtfolleg, déi zur Mëschkultur gehéiert, verbessert d'Buedemqualitéit a garantéiert ee gesonde Buedem iwwer laang Zäit.
Déi wuel bekanntste Form vu Mëschkultur staamt scho vun den Asketen an ass bekannt ënner dem Numm MILPA. Mais, Bounen a Kürbissen hëllefe sech géigesäiteg zu enger besserer Recolte.
Mam Danièle Keup vun der Liga Gaart an Heem
Passende Liestipp: "Deine fabelhaften Kräuter" vun der Andrea Breithuber
Episoden

Eng wichteg Roll am Ekosystem
Sechs onbeléiften Déieren, déi d'Leit dacks nerven, awer ganz nëtzlech sinn: de Kueb, d'Dauf, d'Spann, d'Harespel, de Maulef an d'Flantermaus.

D'Harespele (k)eng Plo
Harespelen hunn e schlechten Numm, och wann dat net berechtegt ass.

Uleeën a flege vun engem Hochbeet
Fir en Hochbeet unzeleeën ass elo déi beschten Zäit. Fir unzefänke soll een Tomaten, Poretten a Kornischonge planzen.

Carbon Footprint
Carbon Footprint - CO2-Foussofdrock - mir komme net derlaanscht!

D'Gesondheet vun de Bëscher
Den Internationalen Dag vum Bësch (21. Mäerz) gëtt duerch d'Klimakris ëmmer méi wichteg

Gromperen an alle Gréissten a Faarwen
Elo gëllt et mat de Preparatiounen am Gaart unzefänken, wann een am Juni/Juli eng gutt Recolte wëll hunn
