Biotop
Eng wichteg Roll am Ekosystem
14 min

D'Wouerhuele vun Déieren an der Gesellschaft ass dacks vu kulturellen, sozialen an individuelle Faktore gepräägt a ka vu Plaz zu Plaz ënnerschiddlech sinn. Och hei zu Lëtzebuerg ginn et verschidden Déieren, déi an eiser Gesellschaft net esou gutt ugesi sinn, meeschtens aus Angscht, Eekel oder onrationellen Associatiounen. Heizou gehéieren ënner anerem de Kueb, d'Dauf, d'Spann, d'Harespel, de Maulef an d'Flantermaus.
D'Kueben an d'Dauwe stéieren dacks d'Leit an de Groussstied a kënnen duerch hir Presenz, Kaméidi an Ausscheedungen onangeneem sinn. Spanne ginn dacks als grujeleg oder geféierlech wouergeholl, déi am beschten näischt an den Haiser ze sichen hunn. Harespele ginn als geféierlech a lästeg ugesinn, besonnesch wa si no bei eisem Gedrénks oder Iesse sinn. De Maulef ass onbeléift, well e seng ellen Kéip op eisem schéine Wuess hannerléisst an d'Fliedermais hunn dacks e schlechte Ruff, well se mat Vampiren a Krankheeten oder dem Béisen associéiert ginn. All dës Déiere sinn net nëmmen harmlos, mee och nëtzlech a wichteg an der Natur!
Mat der Ëmweltberoderin Marianne Kollmesch vun der Ëmweltberodung
Episoden

D'Harespele (k)eng Plo
Harespelen hunn e schlechten Numm, och wann dat net berechtegt ass.

Uleeën a flege vun engem Hochbeet
Fir en Hochbeet unzeleeën ass elo déi beschten Zäit. Fir unzefänke soll een Tomaten, Poretten a Kornischonge planzen.

Carbon Footprint
Carbon Footprint - CO2-Foussofdrock - mir komme net derlaanscht!

D'Gesondheet vun de Bëscher
Den Internationalen Dag vum Bësch (21. Mäerz) gëtt duerch d'Klimakris ëmmer méi wichteg

Gromperen an alle Gréissten a Faarwen
Elo gëllt et mat de Preparatiounen am Gaart unzefänken, wann een am Juni/Juli eng gutt Recolte wëll hunn
