Radioen

On air

Thé Dansant  |  Janis Joplin - As Good As You've Been To This World

play_arrow Live
arrow_back_ios

De Sample vun der Woch

100komma7.lu / De Sample vun der Woch

/ Lyn Collins - Think (About It)

Lyn Collins - Think (About It)

headphones

8 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Ee vun den zwee bekanntsten Drumbreaks, déi jee gesampelt gouf, heescht "Think-Break" an iwwer dee geet hei rieds. Laut Google si mer mëttlerweil bei 3.165 Lidder, déi de "Think-Break" benotzt hunn, an et ginn der all Dag méi. De "Think-Break" gëtt esou genannt, well e vum Lidd "Think (About It)" vun der Lyn Collins staamt. D'Lidd gouf geschriwwen a produzéiert vum James Brown a koum 1972 eraus. D'Collins war scho Sängerin mat 14 Joer an ass mat 20 als Vokalistin an dem James Brown seng Grupp agetrueden. D'Lidd "Think (About It)" ass hiren éischten an eenzege groussen Hit a war op hirem Album mam selwechten Numm. Den Track leeft ongeféier op 115bpm, huet vill verschidde Break-Sektiounen a bitt propper Drums mat energesche Adlibs a propperem Tambourin. Den Drumbreak a sech ass gespillt vum John "Jabo" Starks.

1987 koum "Think (About It)" um 16. Volume vun der Break Compilatioun "Ultimate Breaks & Beats" eraus, eng héich populär Serie ënner Hip-Hop-Produzenten. Kuerz drop koum den "It Takes Two" vum MC Rob Base & DJ EZ Rock eraus, dee bal komplett aus gesampelten Deeler vu "Think (About It)" besteet. E gouf séier e risegen Hit. Dat war den Ufank vum zweete Liewen vun der Collins hirem Lidd. Eleng am Joer 88 gouf d'Lidd iwwer 50 Mol gesampelt an hat sech als Standard Rhythmus hanner deene meeschte Raplidder vun deemools etabléiert. Dat ass gaange vun Heavy D, EPMD, Slick Rick, 2 Live Crew, bis NWA, jiddwereen huet et minimum eemol benotzt. Dance Musek vun de Mëtt 90er huet och eng grouss Roll gespillt, an esou Gruppe wéi 2 Unlimited oder Bomfunk MCs goufe staark vun dësem Break inspiréiert.

Ufank 2000er gouf de Break och e wesentleche Bestanddeel vu verschiddenen neie Genren, wéi zum Beispill Baltimore Club Music, kuerz B-More. Dëst Scottie B Lidd vun 2006 ass hei e gutt Beispill fir déi Renaissance vum Break ze weisen. Hie mixt hei de Break mat House- a Rap-Influenzen a gëtt em esou en neien Twist.

Kuerz drop hunn d'Crookers och de Break fir sech nei entdeckt an 2008 hire Kid Cudi Remix vun "Day 'N Nite" dorop baséiert.

Mee wärend der ganzer Zäit, an där Hip-Hop an Dance dëse Sample benotzt huet, hat de Break parallel genausou vill Succès an der Drum and Bass Zeen, wéi hei zum Beispill mam Netsky sengem "Midnight Express".

Musek

Episoden

Kalyanji Anandji - Dharmatma Theme Music

Kalyanji Anandji - Dharmatma Theme Music

Mir sinn nees am Bollywood vun de 70er Joren a schwätzen iwwer d'Musek vum Film "Dharmatma".
headphones

8 min

play_arrow
Arawak - Accadde A Bali

Arawak - Accadde A Bali

Arawak ass en italieenesche Museksprojet vum verstuerwene Benito Simoncini, en italieenesche Pianist, Arrangeur an Dirigent, a Komponist fir Radio an Televisioun.
headphones

6 min

play_arrow
Roy Ayers - The Memory

Roy Ayers - The Memory

De Roy Ayers ass ee vun de bekanntste Vibrafonisten zanter den 1960er Joren. Säi Ruff ass dee vun engem Prophéit vum Jazz-Funk an Acid Jazz, e Mann, Jore viru senger Zäit.
headphones

8 min

play_arrow
Incredible Bongo Band - Apache

Incredible Bongo Band - Apache

Niewent dem Think-Break an dem Amen-Break, ass den Apache-Break eng vun den beléiftste Perkussiounen am Hip-Hop.
headphones

9 min

play_arrow
Donald Byrd - Wind Parade

Donald Byrd - Wind Parade

Den Donald Byrd gouf als ee vun de beschten Trompettisten vu senger Zäit ugesinn. Vu Mëtt de 50er bis Mëtt 60er huet hie vill opgeholl, meeschtens fir Blue Note.
headphones

10 min

play_arrow
Deniece Williams - Free

Deniece Williams - Free

Der Deniece Williams hir véier-Oktaven-Sopranstëmm huet si zu engem vun de markantsten Talenter vun der Soul Ära gemaach.
headphones

10 min

play_arrow
Earth, Wind and Fire - Shining Star

Earth, Wind and Fire - Shining Star

"That's the Way of the World"ass dee sechste Studioalbum vun der amerikanescher Band an och de Soundtrack vum Film mam selwechten Numm.
headphones

4 min

play_arrow
Sly & the Family Stone - Sing a Simple Song

Sly & the Family Stone - Sing a Simple Song

Ee vun de bekanntste Breaks, déi am Hip-Hop gesampelt goufen: op ganze 462 Lidder.
headphones

11 min

play_arrow
Dorothy Ashby - The Windmills of your Mind

Dorothy Ashby - The Windmills of your Mind

Dëst Lidd war ursprénglech eng franséisch Chanson vum Michel Legrand an huet "Les moulins de mon cœur" geheescht. Et gouf vu villen Artiste gecovert.
headphones

7 min

play_arrow
Herbie Hancock - Watermelon Man

Herbie Hancock - Watermelon Man

Dem Hancock seng 12. LP (1972) brécht d'Barriären tëschent Jazz, Funk a Rock, bréngt den Jazz-Fusion Genre an den Mainstream a säi kënschtlereschen a kommerziellen Duerchbroch.
headphones

10 min

play_arrow
The Jimmy Castor Bunch - It's Just Begun

The Jimmy Castor Bunch - It's Just Begun

Den James Walter Castor war en amerikanesche Funk-, R&B- a Soulmuseker, Singer/Songwriter a Saxofonist, deen zu Manhattan, New York gebuer ass.
headphones

8 min

play_arrow
Curtis Mayfield - Move On Up

Curtis Mayfield - Move On Up

D'Lidd vun 1970, ronn néng Minutte laang, war ursprénglech kee mega Hit, mee gouf mat de Jore méi bekannt.
headphones

13 min

play_arrow
Shocking Blue - Love Buzz

Shocking Blue - Love Buzz

Shocking Blue, en hollännesche Quartett, war eng erfollegräich psychedelesch Rock-Grupp an de 70er an hunn iwwer zéng Millioune Placken insgesamt verkaf.
headphones

7 min

play_arrow
Teena Marie - Square Biz

Teena Marie - Square Biz

D'Teena Marie war eng amerikanesch Singer-Songwriterin, déi vun 1956 bis 2010 gelieft huet. Si hat grousse Succès a gouf och "The Ivory Queen of Soul" genannt.
headphones

24 min

play_arrow
Billy Squier - The Big Beat

Billy Squier - The Big Beat

Dräi Albume vum amerikanesche Rockmuseker, Joergank 1950, waren an den 80er an den amerikaneschen Top 10 Charts, an hien huet och e puer Hitsingelen erausbruecht.
headphones

8 min

play_arrow
Jean-Luc Ponty - Farewell

Jean-Luc Ponty - Farewell

De franséische Museker, 1942 an der Normandie gebuer, spillt fréi am Philharmoneschen Orchester zu Paräis, éier hie seng Gei a verschiddenen Jazz Bands integréiert.
headphones

6 min

play_arrow
David Bowie - Let's Dance

David Bowie - Let's Dance

Den David Bowie ass ee vun de berüümtste Museker vum 20. Joerhonnert mat iwwer 100 Millioune verkaaften Albumen. "Let's Dance", säi 15. Album, kënnt 1983 eraus.
headphones

11 min

play_arrow
The Beatles - Glass Onion

The Beatles - Glass Onion

Jiddweree kennt de Beatles hire "White Album". Vill Leit kennen dem Jay-Z säi "Black Album". Wat kënnt eraus, wann ee Schwaarz a Wäiss mëscht? Gro natierlech.
headphones

6 min

play_arrow
Heatwave - The Star of a Story

Heatwave - The Star of a Story

Heatwave war eng Funk-Disco Band, déi 1975 entstanen ass. "The Star Of A Story" ass op hirem zweeten Album "Central Heating".
headphones

9 min

play_arrow
Skull Snaps - It's a New Day

Skull Snaps - It's a New Day

Eng legendären a recherchéiert Funk Plack, deen éischten an eenzegen Album vum enigmatesche Funk Trio Skull Snaps
headphones

7 min

play_arrow