Radioen

On air

Thé Dansant  |  Monomono - Give The Beggar A Chance

play_arrow Live
arrow_back_ios

De Sample vun der Woch

100komma7.lu / De Sample vun der Woch

/ Billy Squier - The Big Beat

Billy Squier - The Big Beat

headphones

8 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

De Billy Squier, gebuer den 12. Mee 1950 am Massachusetts an den USA, ass e Rockmuseker. Dräi vun sengen Albume waren an den amerikaneschen Top 10 Charts an den 80er, an hien huet och e puer Hitsingelen erausbruecht. Musikalesch kann ee säin Stil als Stadion Rock bezeechnen.

De Squier huet ugefaange Gittar a Piano ze spillen als Kand. Hien huet decidéiert eng Karriär als Museker unzefänken, wéi hie Musek aus de spéiden 1960er héieren huet, wéi zum Beispill Eric Clapton. Hien huet fir d'éischt a verschiddene Bands aus der Boston Regioun gespillt an hat seng éischt permanent Plaz an de Magic Terry & the Universe. Hien ass op de Berklee College of Music gaang a huet stänneg tëschent Boston an New York gependelt. Hien huet och kuerz an aner Gruppe gespillt wéi zum Beispill mat de Sidewinders. Mat hinnen huet den Squier e puer Albumen opgeholl, déi vum Lenny Kaye produzéiert goufen. Nodeems d'Band sech opgeléist huet, huet hie Piper gegrënnt a gouf hire Sänger a Gittarist. D'Band huet 1976 an 1977 jeeweils een Album erausbruecht iwwer A&M Records, huet sech awer an de spéiden 1970er Joren opgeléist well de Succès ausblouf.

De Squier huet decidéiert eng Solokarriär ze starten an huet bei Capitol Records ënnerschriwwen. 1980 huet hie säi Solo-Debut "The Tale of the Tape" erausbruecht. Bekannte Museker wéi de Gittarist Bruce Kulick (spéider Kiss) an de Batteur Bobby Chouinard (spéider Gary Moore) hunn zu den Opname bäigedroen. Den Album war nëmme mëttelméisseg erfollegräich, mee huet awer ee Radiohit drop, "You Should Be High Love". Tale of the Tape mixt Funk a Rock Aflëss, bal ze vergläiche mat der deemoleger Konkurrenz: Queen.

De Billy Squier ass iwwerzeegt vu senger Musek, an dat héiert een. Hie mécht op sengem Album net sou wéi wann: hie wëllt räich ginn, an hie wëllt jonk Meedercher. Op "Tale of the Tape" weess hien, wat hie wëllt an hie weess, wéi hien et kritt.

Och wann déi aner Lidder vum Album d'Charts net erreecht hunn, gouf d'Lidd "The Big Beat" iwwer 300 Mol vun Hip-Hop-Kënschtler an anere gesampelt. Dat bekanntst ass den "99 Problems" vun Jay-Z. Dat war op sengem "The Black Album" vun 2003 a war produzéiert vum legendäre Rick Rubin.

Mee e puer Méint virdrun huet den Dizzee Rascal dee selwechte Sample benotzt op sengem selwer produzéierte "Fix Up, Look Sharp" vun sengem éischten Album "Boy in the Corner".

Quasi zäitgläich mam Dizzee sengem Album koum och de véierten Album vun der englescher Band The Prodigy. Si benotzen och dem Squier säi Sample um Lidd "Spitfire" ob eng ganz aner Aart a Weis.

Musek

Episoden

Samuel Jonathan Johnson - My Music

Samuel Jonathan Johnson - My Music

Den Johnson huet mat 14 Joer ugefaangen Uergel ze spillen a gouf séier bekannt als ee vun de beschten Uergelspiller an den New Yorker Kierchen. An der Arméi entdeckt hien den Jazz.
headphones

9 min

play_arrow
Tom Browne - Funkin' for Jamaica (N.Y.)

Tom Browne - Funkin' for Jamaica (N.Y.)

De Browne war ursprünglech u klassescher Musek interesséiert, mee huet den Jazz als Student Mëtt vun de 70er op der Uni entdeckt.
headphones

7 min

play_arrow
A Taste of Honey - Rescue Me

A Taste of Honey - Rescue Me

A Taste of Honey war eng amerikaneschen Disco-Soul-Grupp vu Los Angeles, déi 1972 vu Janice-Marie Johnson a Perry Kibble gegrënnt gouf.
headphones

7 min

play_arrow
One Way - Cutie Pie

One Way - Cutie Pie

One Way war eng amerikanesch R&B a Funk Band, déi an de spéiden 1970er an Ufank den 1980er Jore populär war, dirigéiert vum Al Hudson.
headphones

9 min

play_arrow
Melissa Morgan - Fool's Paradise

Melissa Morgan - Fool's Paradise

D'Joyce Melissa Morgan, kuerz Meli'sa genannt ass eng amerikanesche R&B a Soul Sängerin a Songwriterin.
headphones

8 min

play_arrow
Maze - Before I Let Go

Maze - Before I Let Go

Maze, och bekannt als Maze Featuring Frankie Beverly ass eng amerikanesch Soulband, déi vum Frankie Beverly zu Philadelphia am Joer 1970 gegrënnt gouf.
headphones

9 min

play_arrow
The Brothers Johnson - Tomorrow

The Brothers Johnson - Tomorrow

The Brothers Johnson waren eng Funk-, Disco- an R'n'B-Band, déi vun 1975 bis 1982 aktiv war.
headphones

6 min

play_arrow
Quincy Jones - Summer in the City

Quincy Jones - Summer in the City

De Quincy Jones, gebuer de 14. Mäerz 1933, ass en amerikanesche Plackeproduzent, Museker, Songwriter, Komponist, Arrangeur a Film- an Televisiounsproduzent.
headphones

8 min

play_arrow
Ramsey Lewis - Tambura

Ramsey Lewis - Tambura

Deen amerikaneschen Jazzkomponist, Pianist a bekannte Radio-Moderator, 1935 zu Chicago gebuer, ass leschte September am Alter vu 87 Joer gestuerwen.
headphones

7 min

play_arrow
DeBarge - I Like It

DeBarge - I Like It

DeBarge war eng amerikanesch Grupp aus Michigan, déi aus verschiddene Membere vun der DeBarge Famill bestanen huet, aktiv tëschent 1979 an 1989.
headphones

8 min

play_arrow
Joe Cocker - Woman to Woman

Joe Cocker - Woman to Woman

Deen englesche Sänger war fir seng rau a blueseg Stëmm a seng charismatesch live Optrëtter bekannt.
headphones

9 min

play_arrow
The Main Ingredient - Summer Breeze

The Main Ingredient - Summer Breeze

Déi amerikanesch Soul a Funk Grupp The Main Ingredient gouf 1964 am Harlem, New York City gegrënnt.
headphones

9 min

play_arrow
Dynasty - Adventures in the Land of Music

Dynasty - Adventures in the Land of Music

An den 1980er war de Label Solar Records vergläichbar mat Motown a Stax an den 1960er oder Philadelphia International an den 1970er.
headphones

4 min

play_arrow
Sister Sledge - He's the Greatest Dancer

Sister Sledge - He's the Greatest Dancer

Sister Sledge ass eng amerikanesch Grupp an besteet aus den Schwësteren Debbie, Joni, Kim a Kathy Sledge.
headphones

10 min

play_arrow
The Time - 777-9311

The Time - 777-9311

De Grupp The Time ass en Niewenprojet vum Prince. All d'Musek an d'Texter si vun him geschriwwen, mee gi vu The Time live op der Bün interpretéiert.
headphones

12 min

play_arrow
Dionne Warwick - Walk On By

Dionne Warwick - Walk On By

En Dosende Mol gecoverte Pop-Standard
headphones

7 min

play_arrow
Led Zeppelin - When the Levee Breaks

Led Zeppelin - When the Levee Breaks

Gegrënnt 1968, mat 300 Millioune verkaaften Albe ware Led Zeppelin eng vun den erfollegräichste Bands iwwerhaapt.
headphones

11 min

play_arrow
Art of Noise - Moments In Love

Art of Noise - Moments In Love

1983 huet déi englesch experimentell Grupp, bekannt fir hir Sound-Collage-Techniken an hir avantgardistesch Approche dozou, dëst Lidd erausbruecht.
headphones

10 min

play_arrow
The Winstons - Amen, Brother

The Winstons - Amen, Brother

Den Amen Break huet ganz Generatioune vu Beatmaker erzunn a gouf iwwer 5.000 Mol wärend de leschten 30 Joer gesampelt.
headphones

4 min

play_arrow
Lyn Collins - Think (About It)

Lyn Collins - Think (About It)

Ee vun den zwee bekanntsten Drumbreaks, déi jee gesampelt gouf, heescht "Think-Break".
headphones

8 min

play_arrow