Radioen

On air

Thé Dansant  |  Brenda George - What You See Is What You're Gonna Get

play_arrow Live
arrow_back_ios

De Sample vun der Woch

100komma7.lu / De Sample vun der Woch

/ The Jimmy Castor Bunch - It's Just Begun

The Jimmy Castor Bunch - It's Just Begun

headphones

8 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Den James Walter Castor war en amerikanesche Funk-, R&B- a Soulmuseker, deen zu Manhattan, New York gebuer ass. Hien ass Singer/Songwriter a Saxofonist a bekannt fir Lidder wéi "It's Just Begun", "Bertha Butt Boogie". Seng gréissten Hit Single, de Millioune Verkeefer ass "Troglodyte (Cave Man)". De Castor gouf beschriwwen als "ee vun de meescht gesampelte Kënschtler an der Museksgeschicht". Als Solo-Kënschtler a Leader vun The Jimmy Castor Bunch an den 1970er Joren huet de Castor e puer erfollegräich Albumen a Singelen erausbruecht. The Jimmy Castor Bunch hunn hire kommerziellen Héichpunkt am Joer 1972 erreecht no der Verëffentlechung vun hirem Album, "It's Just Begun", deen zwee Hitsingelen huet: den Titeltrack an "Troglodyte (Cave Man)", deen zimmlechen Erfolleg an den USA krut. D'Stéck war 14 Wochen an den Charts am Joer 1972 a krut eng Goldplak fir de Verkaf vun enger Millioun Exemplairen.

The Jimmy Castor Bunch besteet aus dem Keyboardist an Trompettist Gerry Thomas, dem Bassist Doug Gibson, dem Gittarist Harry Jensen, dem Congo Spiller Lenny Fridle, Jr., an dem Drummer Bobby Manigault. "It's Just Begun" ass eng effektiv a markant Mëschung aus Funk, Pop, Sozialkritik a Comedy. Vill vun de Melodië vun der Grupp goufen dacks a Filmer an am Hip-Hop gesampelt, virun allem de Saxofon Hook a Groove vun "It's Just Begun". Den Titeltrack ass e B-Boy Favorit, e Salsa-beaflosste Funk Ausfluch, deem säi Break haut nach weider vun DJs gespillt gëtt. Afrika Bambaataa sot, datt "It's Just Begun" op Block Partyen an der South Bronx an den 1970er ganz populär war. "It's Just Begun" ass e wichtegen an aflossräiche Release vun enger ënnerschätzen Grupp. Jiddwereen, deen un de Wuerzele vum Funk aus den 1970er interesséiert ass, sollt sech mindestens eng Kéier mat dëser Plack auserneesetzen.

Eng vun den éischte Gruppen, déi den Potential vun dësem Lidd erkannt hunn, waren Eric B. & Rakim. Si hunn 1980 hire "Musical Massacre" um Album "Follow The Leader" erausbruecht.

Mee "It's Just Begun" ass awer virun allem en Track fir d'Breakdänzer bliwwen. Et goufen etlech Coveren a Reinterpretatiounen, mee déi bekanntst ass komescherweis eng dätsch Versioun, an zwar déi, déi op eng vun deenen éischte Battle of the Year benotzt gouf: Zeb-Roc-Ski & Stieber Twins - Breakers Revenge 93.

Musek

Episoden

Samuel Jonathan Johnson - My Music

Samuel Jonathan Johnson - My Music

Den Johnson huet mat 14 Joer ugefaangen Uergel ze spillen a gouf séier bekannt als ee vun de beschten Uergelspiller an den New Yorker Kierchen. An der Arméi entdeckt hien den Jazz.
headphones

9 min

play_arrow
Tom Browne - Funkin' for Jamaica (N.Y.)

Tom Browne - Funkin' for Jamaica (N.Y.)

De Browne war ursprünglech u klassescher Musek interesséiert, mee huet den Jazz als Student Mëtt vun de 70er op der Uni entdeckt.
headphones

7 min

play_arrow
A Taste of Honey - Rescue Me

A Taste of Honey - Rescue Me

A Taste of Honey war eng amerikaneschen Disco-Soul-Grupp vu Los Angeles, déi 1972 vu Janice-Marie Johnson a Perry Kibble gegrënnt gouf.
headphones

7 min

play_arrow
One Way - Cutie Pie

One Way - Cutie Pie

One Way war eng amerikanesch R&B a Funk Band, déi an de spéiden 1970er an Ufank den 1980er Jore populär war, dirigéiert vum Al Hudson.
headphones

9 min

play_arrow
Melissa Morgan - Fool's Paradise

Melissa Morgan - Fool's Paradise

D'Joyce Melissa Morgan, kuerz Meli'sa genannt ass eng amerikanesche R&B a Soul Sängerin a Songwriterin.
headphones

8 min

play_arrow
Maze - Before I Let Go

Maze - Before I Let Go

Maze, och bekannt als Maze Featuring Frankie Beverly ass eng amerikanesch Soulband, déi vum Frankie Beverly zu Philadelphia am Joer 1970 gegrënnt gouf.
headphones

9 min

play_arrow
The Brothers Johnson - Tomorrow

The Brothers Johnson - Tomorrow

The Brothers Johnson waren eng Funk-, Disco- an R'n'B-Band, déi vun 1975 bis 1982 aktiv war.
headphones

6 min

play_arrow
Quincy Jones - Summer in the City

Quincy Jones - Summer in the City

De Quincy Jones, gebuer de 14. Mäerz 1933, ass en amerikanesche Plackeproduzent, Museker, Songwriter, Komponist, Arrangeur a Film- an Televisiounsproduzent.
headphones

8 min

play_arrow
Ramsey Lewis - Tambura

Ramsey Lewis - Tambura

Deen amerikaneschen Jazzkomponist, Pianist a bekannte Radio-Moderator, 1935 zu Chicago gebuer, ass leschte September am Alter vu 87 Joer gestuerwen.
headphones

7 min

play_arrow
DeBarge - I Like It

DeBarge - I Like It

DeBarge war eng amerikanesch Grupp aus Michigan, déi aus verschiddene Membere vun der DeBarge Famill bestanen huet, aktiv tëschent 1979 an 1989.
headphones

8 min

play_arrow
Joe Cocker - Woman to Woman

Joe Cocker - Woman to Woman

Deen englesche Sänger war fir seng rau a blueseg Stëmm a seng charismatesch live Optrëtter bekannt.
headphones

9 min

play_arrow
The Main Ingredient - Summer Breeze

The Main Ingredient - Summer Breeze

Déi amerikanesch Soul a Funk Grupp The Main Ingredient gouf 1964 am Harlem, New York City gegrënnt.
headphones

9 min

play_arrow
Dynasty - Adventures in the Land of Music

Dynasty - Adventures in the Land of Music

An den 1980er war de Label Solar Records vergläichbar mat Motown a Stax an den 1960er oder Philadelphia International an den 1970er.
headphones

4 min

play_arrow
Sister Sledge - He's the Greatest Dancer

Sister Sledge - He's the Greatest Dancer

Sister Sledge ass eng amerikanesch Grupp an besteet aus den Schwësteren Debbie, Joni, Kim a Kathy Sledge.
headphones

10 min

play_arrow
The Time - 777-9311

The Time - 777-9311

De Grupp The Time ass en Niewenprojet vum Prince. All d'Musek an d'Texter si vun him geschriwwen, mee gi vu The Time live op der Bün interpretéiert.
headphones

12 min

play_arrow
Dionne Warwick - Walk On By

Dionne Warwick - Walk On By

En Dosende Mol gecoverte Pop-Standard
headphones

7 min

play_arrow
Led Zeppelin - When the Levee Breaks

Led Zeppelin - When the Levee Breaks

Gegrënnt 1968, mat 300 Millioune verkaaften Albe ware Led Zeppelin eng vun den erfollegräichste Bands iwwerhaapt.
headphones

11 min

play_arrow
Art of Noise - Moments In Love

Art of Noise - Moments In Love

1983 huet déi englesch experimentell Grupp, bekannt fir hir Sound-Collage-Techniken an hir avantgardistesch Approche dozou, dëst Lidd erausbruecht.
headphones

10 min

play_arrow
The Winstons - Amen, Brother

The Winstons - Amen, Brother

Den Amen Break huet ganz Generatioune vu Beatmaker erzunn a gouf iwwer 5.000 Mol wärend de leschten 30 Joer gesampelt.
headphones

4 min

play_arrow
Lyn Collins - Think (About It)

Lyn Collins - Think (About It)

Ee vun den zwee bekanntsten Drumbreaks, déi jee gesampelt gouf, heescht "Think-Break".
headphones

8 min

play_arrow