De Sample vun der Woch
Deniece Williams - Free
10 min
Der Deniece Williams hir véier-Oktaven-Sopranstëmm huet si zu engem vun de markantsten Talenter vun der Soul-Ära gemaach. Obwuel si hiren Debut am Joer 1968 gemaach huet, war et net bis an de 70er, datt d'Williams sech wierklech etabléiert huet, fir d'éischt als Deel vum Stevie Wonder sengem Wonderlove, duerno als Songwriterin, a schliisslech als erfollegräich Solo-Kënschtlerin.
"This Is Niecy", hiren Debutalbum, krut Gold a war domadder e Start fir eng dauerhaft Karriär. D'Williams ass 1951 an Indiana gebuer an ass mam Gospel-Chouer opgewuess, an deem och hir Eltere gesongen hunn. Als Teenager huet si e puer Placken opgeholl, mee ouni groussen Erfolleg. Duerch hire Cousin ass d'Williams dem Stevie Wonder hanner der Bün op engem Concert begéint. Dëst huet zu enger Auditioun geféiert an hirem Bäitrëtt zur Grupp Wonderlove, d'Hannergrond-Vokaliste vum Stevie Wonder.
D'Williams huet dräi Joer laang mam Motown-Kënschtler opgeholl, zum Beispill war si bei Sessiouns fir "Talking Book", "Fulfillingness First Finale" a "Songs in the Key of Life" dobäi, mee awer och bei Opname vumn der Syreeta a Minnie Riperton. Wärend dëser Zäit huet d'Williams bei ville Background-Vocals bäigedroen, zum Beispill beim Don Everly oder der Roberta Flack. Si huet och Material fir "Soul Train" geschriwwen, wéi zum Beispill "Baby Open the Door". 1976 huet d'Williams dann hiren éischte Solo-Album um Columbia Label erausbruecht, "This Is Niecy". Si gouf co-produzéiert vum Maurice White, dem Band Leader vun Earth, Wind and Fire. Do war och "Free" drop, dat ganz dacks am Hip-Hop gesampelt gouf.
Ee vum Bobby Bieles senge Liblingsbeispiller ass vum Rapper K-Dee vun der Lench Mob. Hie schreift der Williams hir Lyrics ëm fir "The Freshest MC In The World" doraus ze maachen. Dat war op sengem Album "Ass, Gas Or Cash (No One Rides For Free)" vun 1994.
Eng méi zäitgenëssesch Versioun vum Sample ass ze héiere bei der Rapsody an hirem "Afeni" am Joer 2019. Si mécht hei, begleet vum PJ Morton, dem 2Pac senger Mam an hirer Zäit an de Black Panthers eng Hommage, dohier passt d'Lidd "Free" natierlech ganz besonnesch gutt.
De Sample gouf awer och fir aner Genrë benotzt, wéi zum Beispill um DJ Nate sengem Lidd "Free". Hien ass e Pionéier a Saache Juke-Musek a bréngt säin Track 2010 op der EP "Da Trak Genious" eraus.