Radioen

On air

Thé Dansant  |  Sammy Davis, Jr. - Mr. Bojangles

play_arrow Live
arrow_back_ios

De Sample vun der Woch

100komma7.lu / De Sample vun der Woch

/ Herbie Hancock - Watermelon Man

Herbie Hancock - Watermelon Man

headphones

10 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Den Hancock ass 1940 zu Chicago gebuer. No enger klassescher musikalescher Erzéiung um Piano, bréngt hie scho mat 22 säin éischten Jazzalbum bei Blue Notes eraus. Dorops hi gëtt de Miles Davis op hien opmierksam a stellt hie fir seng Band an. No enger Rei méi experimentellen Albume bréngt den Hancock 1972 säin 12. LP eraus: "Headhunters", iwwer dee mir schwätzen. Hie brécht hei d'Barriären tëschent Jazz, Funk a Rock a bréngt mat dësem Album den Jazz-Fusion Genre an de Mainstream. Den Album zesumme mat senger neier Grupp The Headhunters ass gewollt popesch a war dem Hancock säi kënschtlereschen a kommerziellen Duerchbroch. Hie gouf och deementspriechend vun Jazz-Puriste kritiséiert. Et gouf schonn eng éischt Versioun vu "Watermelon Man" op sengem alleréischten Album "Takin´Off". Et war eng Mëschung vu Blues mat Elementer vun R'n'b, Soul Jazz a Bebop. Dat war deemools ee méi klengen Erfolleg. 1973 hellt hien den Track nei op fir säin Album "Headhunters". Hie mixt hei James Brown a Sly Stone Aflëss mat senge fir deemools nei Synthesizeren. Den Intro besteet aus dem Perkussionist Bill Summers, deen a Béierfläsche bléist, eng Uspillung un Hindewhu, en traditionellt Instrument aus Zentralafrika. De Schwéierpunkt läit op dem rhythmeschen Zesummespill vun de verschiddenen Instrumenter, wéi de Synthesizer, d'Gittar, d'Drums an d'Bass, déi sech géigesäiteg quasi Froe stellen an drop äntweren. Säin Afloss op den Hip-Hop war enorm. Hei dräi Beispiller aus dräi verschiddenen Epochen:

Den Dancehall Artist Super Cat huet dem Hancock säin Titel op sengem "Dolly My Baby" vun 1993 gesampelt. Kuerz drop koum de Bad Boy Remix dovun eraus, an niewent enger Strof vum Puff Daddy a vum 3rd Eye, an engem neie Refrain vun der Mary J Blige, war et och déi alleréischt Apparitioun vum Notorious BIG op engem Lidd.

En absolut rezent Beispill vun der Benotzung vum Sample ass vun der Rapsody op hirem Lidd "Whoopi (Feat. Reyna Biddy)". Dat war op hirem leschten Album "Eve" vun 2021. Si mëscht hei Trap-Aflëss mat an de Beat a schrauft en op bal 60 BPM erof.

E lescht Beispill kënnt aus der Zukunft. De Flying Lotus mécht eppes komplett Neies doraus a gënnt dem Hancock domat eng super Hommage. Säi "Putty Boy Strut" war op sengem "Until the Quiet Comes" Album vun 2012.

Musek

Episoden

Samuel Jonathan Johnson - My Music

Samuel Jonathan Johnson - My Music

Den Johnson huet mat 14 Joer ugefaangen Uergel ze spillen a gouf séier bekannt als ee vun de beschten Uergelspiller an den New Yorker Kierchen. An der Arméi entdeckt hien den Jazz.
headphones

9 min

play_arrow
Tom Browne - Funkin' for Jamaica (N.Y.)

Tom Browne - Funkin' for Jamaica (N.Y.)

De Browne war ursprünglech u klassescher Musek interesséiert, mee huet den Jazz als Student Mëtt vun de 70er op der Uni entdeckt.
headphones

7 min

play_arrow
A Taste of Honey - Rescue Me

A Taste of Honey - Rescue Me

A Taste of Honey war eng amerikaneschen Disco-Soul-Grupp vu Los Angeles, déi 1972 vu Janice-Marie Johnson a Perry Kibble gegrënnt gouf.
headphones

7 min

play_arrow
One Way - Cutie Pie

One Way - Cutie Pie

One Way war eng amerikanesch R&B a Funk Band, déi an de spéiden 1970er an Ufank den 1980er Jore populär war, dirigéiert vum Al Hudson.
headphones

9 min

play_arrow
Melissa Morgan - Fool's Paradise

Melissa Morgan - Fool's Paradise

D'Joyce Melissa Morgan, kuerz Meli'sa genannt ass eng amerikanesche R&B a Soul Sängerin a Songwriterin.
headphones

8 min

play_arrow
Maze - Before I Let Go

Maze - Before I Let Go

Maze, och bekannt als Maze Featuring Frankie Beverly ass eng amerikanesch Soulband, déi vum Frankie Beverly zu Philadelphia am Joer 1970 gegrënnt gouf.
headphones

9 min

play_arrow
The Brothers Johnson - Tomorrow

The Brothers Johnson - Tomorrow

The Brothers Johnson waren eng Funk-, Disco- an R'n'B-Band, déi vun 1975 bis 1982 aktiv war.
headphones

6 min

play_arrow
Quincy Jones - Summer in the City

Quincy Jones - Summer in the City

De Quincy Jones, gebuer de 14. Mäerz 1933, ass en amerikanesche Plackeproduzent, Museker, Songwriter, Komponist, Arrangeur a Film- an Televisiounsproduzent.
headphones

8 min

play_arrow
Ramsey Lewis - Tambura

Ramsey Lewis - Tambura

Deen amerikaneschen Jazzkomponist, Pianist a bekannte Radio-Moderator, 1935 zu Chicago gebuer, ass leschte September am Alter vu 87 Joer gestuerwen.
headphones

7 min

play_arrow
DeBarge - I Like It

DeBarge - I Like It

DeBarge war eng amerikanesch Grupp aus Michigan, déi aus verschiddene Membere vun der DeBarge Famill bestanen huet, aktiv tëschent 1979 an 1989.
headphones

8 min

play_arrow
Joe Cocker - Woman to Woman

Joe Cocker - Woman to Woman

Deen englesche Sänger war fir seng rau a blueseg Stëmm a seng charismatesch live Optrëtter bekannt.
headphones

9 min

play_arrow
The Main Ingredient - Summer Breeze

The Main Ingredient - Summer Breeze

Déi amerikanesch Soul a Funk Grupp The Main Ingredient gouf 1964 am Harlem, New York City gegrënnt.
headphones

9 min

play_arrow
Dynasty - Adventures in the Land of Music

Dynasty - Adventures in the Land of Music

An den 1980er war de Label Solar Records vergläichbar mat Motown a Stax an den 1960er oder Philadelphia International an den 1970er.
headphones

4 min

play_arrow
Sister Sledge - He's the Greatest Dancer

Sister Sledge - He's the Greatest Dancer

Sister Sledge ass eng amerikanesch Grupp an besteet aus den Schwësteren Debbie, Joni, Kim a Kathy Sledge.
headphones

10 min

play_arrow
The Time - 777-9311

The Time - 777-9311

De Grupp The Time ass en Niewenprojet vum Prince. All d'Musek an d'Texter si vun him geschriwwen, mee gi vu The Time live op der Bün interpretéiert.
headphones

12 min

play_arrow
Dionne Warwick - Walk On By

Dionne Warwick - Walk On By

En Dosende Mol gecoverte Pop-Standard
headphones

7 min

play_arrow
Led Zeppelin - When the Levee Breaks

Led Zeppelin - When the Levee Breaks

Gegrënnt 1968, mat 300 Millioune verkaaften Albe ware Led Zeppelin eng vun den erfollegräichste Bands iwwerhaapt.
headphones

11 min

play_arrow
Art of Noise - Moments In Love

Art of Noise - Moments In Love

1983 huet déi englesch experimentell Grupp, bekannt fir hir Sound-Collage-Techniken an hir avantgardistesch Approche dozou, dëst Lidd erausbruecht.
headphones

10 min

play_arrow
The Winstons - Amen, Brother

The Winstons - Amen, Brother

Den Amen Break huet ganz Generatioune vu Beatmaker erzunn a gouf iwwer 5.000 Mol wärend de leschten 30 Joer gesampelt.
headphones

4 min

play_arrow
Lyn Collins - Think (About It)

Lyn Collins - Think (About It)

Ee vun den zwee bekanntsten Drumbreaks, déi jee gesampelt gouf, heescht "Think-Break".
headphones

8 min

play_arrow