Radioen

On air

Resonanzen  |  Georges Bizet - L'amour est un oiseau rebelle WD 31 / Act 1 aus 'Carmen' (Oper) - Elïna Garanca (Gesang), Orchestre Sinfonica Nazionale Della RAI, Karel Mark Chichon (Dir.)

play_arrow Live
arrow_back_ios

De Sample vun der Woch

100komma7.lu / De Sample vun der Woch

/ The Beatles - Glass Onion

The Beatles - Glass Onion

headphones

6 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Jiddweree kennt de Beatles hire "White Album". Vill Leit kennen dem Jay-Z säi "Black Album". Wat kënnt eraus, wann ee Schwaarz a Wäiss mëscht? Gro natierlech. Esou koum et dozou, datt 2004 dee bis dohin onbekannte Produzent Danger Mouse de "Grey Album" erausbruecht huet, e Mix vun der beschter Rockband an dem beschte Rapper vun allen Zäiten. Am Ufank huet hie säin Album gratis verdeelt a just un e puer ausgewielte Leit geschéckt, mee kuerz drop gouf hie vu sengem eegenen onerwaarte Succès komplett iwwerwältegt. All eenzelt Lidd vum "Grey Album" besteet aus den Deeler vu jeeweils engem eenzege Beatles Track, deen den Danger Mouse esou zesummegeschnidden huet, datt all kéiers een Jay-Z-Acappella perfekt drop passt. De Produzent benotzt hei keng Soundbank, alles wat ze héieren ass staamt eleng vun deenen zwee Albumen. Hien ännert och d'Reiefolleg vum Jay-Z senge Lidder, fir dem Album eng nei Dynamik ze ginn. All Jay-Z-Lidd ass ëmmer iergendwéi thematesch oder formell mat engem Beatles Lidd verbonnen: zum Beispill "Julia" gëtt "Dirt Off Your Shoulder", "Glass Onion" gëtt "Encore" oder "While My Guitar Gently Weeps" gëtt "What More Can I Say".

Et kann ee soen, datt déi zwee Albumen dëst gemeinsam hunn: hiren Titel ass eng Faarf, si stamen allen zwee vu weltwäit bekannte Kënschtler, déi zum Zäitpunkt vun der Release der Welt näischt méi ze beweisen haten, an den Danger Mouse huet béid Gruppe geneesou gär. Hie seet och, hien hätt dësen Album net fir Museksfanne gemaach, mee éischter fir aner Beatmaker duerch seng Samplekonscht ze beandrocken. Hie bréngt effektiv Detailer zum Virschäin, déi engem soss net opgefall wieren.

Verschidde Leit nennen de Projet e Konzeptalbum, Mashups oder eng Remix Kompilatioun, mee, wat sécher ass, ass datt hien e risegen Erfolleg hat, an zwar beim Publikum an och bei der Kritik. Ech perséinlech hunn dem Danger Mouse seng Versioun esouguer léiwer, wéi den Original! Den Danger Mouse huet sech mat dësem Album vum Nobody zum Superstar Produzent entwéckelt, deen hautdesdaags esouguer vu Leit wéi U2 gefrot gëtt.

Dat ironescht bei der Saach ass, datt den Danger Mouse kuerz no der Sortie vu sengem Mix vu Capitol Records, dem Label vun de Beatles, ugeklot gouf. Hien huet direkt missten d'Verbreedung vum Album stoppen, mee den Internet hat schonn zougeschloen. Effektiv sinn déi meescht Leit deemools illegal duerch Napster oder nach aner Peer to Peer Sitten op den Album gestouss. No deem ganzen Hin an Hier huet sech d'Polemik haut geluecht, an den Album gëtt universell als den Ufank vun engem neien Zäitalter ugesinn, an deem Kreativitéit net méi onbedéngt just an original Kompositioune present ass, mee och an esou Projeten, wei deem heiten.

Musek

Episoden

Samuel Jonathan Johnson - My Music

Samuel Jonathan Johnson - My Music

Den Johnson huet mat 14 Joer ugefaangen Uergel ze spillen a gouf séier bekannt als ee vun de beschten Uergelspiller an den New Yorker Kierchen. An der Arméi entdeckt hien den Jazz.
headphones

9 min

play_arrow
Tom Browne - Funkin' for Jamaica (N.Y.)

Tom Browne - Funkin' for Jamaica (N.Y.)

De Browne war ursprünglech u klassescher Musek interesséiert, mee huet den Jazz als Student Mëtt vun de 70er op der Uni entdeckt.
headphones

7 min

play_arrow
A Taste of Honey - Rescue Me

A Taste of Honey - Rescue Me

A Taste of Honey war eng amerikaneschen Disco-Soul-Grupp vu Los Angeles, déi 1972 vu Janice-Marie Johnson a Perry Kibble gegrënnt gouf.
headphones

7 min

play_arrow
One Way - Cutie Pie

One Way - Cutie Pie

One Way war eng amerikanesch R&B a Funk Band, déi an de spéiden 1970er an Ufank den 1980er Jore populär war, dirigéiert vum Al Hudson.
headphones

9 min

play_arrow
Melissa Morgan - Fool's Paradise

Melissa Morgan - Fool's Paradise

D'Joyce Melissa Morgan, kuerz Meli'sa genannt ass eng amerikanesche R&B a Soul Sängerin a Songwriterin.
headphones

8 min

play_arrow
Maze - Before I Let Go

Maze - Before I Let Go

Maze, och bekannt als Maze Featuring Frankie Beverly ass eng amerikanesch Soulband, déi vum Frankie Beverly zu Philadelphia am Joer 1970 gegrënnt gouf.
headphones

9 min

play_arrow
The Brothers Johnson - Tomorrow

The Brothers Johnson - Tomorrow

The Brothers Johnson waren eng Funk-, Disco- an R'n'B-Band, déi vun 1975 bis 1982 aktiv war.
headphones

6 min

play_arrow
Quincy Jones - Summer in the City

Quincy Jones - Summer in the City

De Quincy Jones, gebuer de 14. Mäerz 1933, ass en amerikanesche Plackeproduzent, Museker, Songwriter, Komponist, Arrangeur a Film- an Televisiounsproduzent.
headphones

8 min

play_arrow
Ramsey Lewis - Tambura

Ramsey Lewis - Tambura

Deen amerikaneschen Jazzkomponist, Pianist a bekannte Radio-Moderator, 1935 zu Chicago gebuer, ass leschte September am Alter vu 87 Joer gestuerwen.
headphones

7 min

play_arrow
DeBarge - I Like It

DeBarge - I Like It

DeBarge war eng amerikanesch Grupp aus Michigan, déi aus verschiddene Membere vun der DeBarge Famill bestanen huet, aktiv tëschent 1979 an 1989.
headphones

8 min

play_arrow
Joe Cocker - Woman to Woman

Joe Cocker - Woman to Woman

Deen englesche Sänger war fir seng rau a blueseg Stëmm a seng charismatesch live Optrëtter bekannt.
headphones

9 min

play_arrow
The Main Ingredient - Summer Breeze

The Main Ingredient - Summer Breeze

Déi amerikanesch Soul a Funk Grupp The Main Ingredient gouf 1964 am Harlem, New York City gegrënnt.
headphones

9 min

play_arrow
Dynasty - Adventures in the Land of Music

Dynasty - Adventures in the Land of Music

An den 1980er war de Label Solar Records vergläichbar mat Motown a Stax an den 1960er oder Philadelphia International an den 1970er.
headphones

4 min

play_arrow
Sister Sledge - He's the Greatest Dancer

Sister Sledge - He's the Greatest Dancer

Sister Sledge ass eng amerikanesch Grupp an besteet aus den Schwësteren Debbie, Joni, Kim a Kathy Sledge.
headphones

10 min

play_arrow
The Time - 777-9311

The Time - 777-9311

De Grupp The Time ass en Niewenprojet vum Prince. All d'Musek an d'Texter si vun him geschriwwen, mee gi vu The Time live op der Bün interpretéiert.
headphones

12 min

play_arrow
Dionne Warwick - Walk On By

Dionne Warwick - Walk On By

En Dosende Mol gecoverte Pop-Standard
headphones

7 min

play_arrow
Led Zeppelin - When the Levee Breaks

Led Zeppelin - When the Levee Breaks

Gegrënnt 1968, mat 300 Millioune verkaaften Albe ware Led Zeppelin eng vun den erfollegräichste Bands iwwerhaapt.
headphones

11 min

play_arrow
Art of Noise - Moments In Love

Art of Noise - Moments In Love

1983 huet déi englesch experimentell Grupp, bekannt fir hir Sound-Collage-Techniken an hir avantgardistesch Approche dozou, dëst Lidd erausbruecht.
headphones

10 min

play_arrow
The Winstons - Amen, Brother

The Winstons - Amen, Brother

Den Amen Break huet ganz Generatioune vu Beatmaker erzunn a gouf iwwer 5.000 Mol wärend de leschten 30 Joer gesampelt.
headphones

4 min

play_arrow
Lyn Collins - Think (About It)

Lyn Collins - Think (About It)

Ee vun den zwee bekanntsten Drumbreaks, déi jee gesampelt gouf, heescht "Think-Break".
headphones

8 min

play_arrow