Radioen

On air

De Weekend  |  D'Quelle vun de Gebridder Grimm

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

Amanecer

headphones

56 min

Lauschteren play_arrow

Zu Éiere vum Africa Day, deen all Joer de 25. Mee gefeiert gëtt, an deen un d'Grënnung vun der Organisation of African Unity (OAU) erënnert, huet de Label Real World Records sechs legendär afrikanesch Artisten aus sengem Katalog reeditéiert. Dorënner de Sooliman Ernest Rogers, deen an den 20er Joren op d'Welt koum ...

Dem franséisch-argentinesche Grupp Cuarteto Tafi hir Aktualitéit heescht "Amanecer", deen ë. a an der Zesummenaarbecht mat der Sängerin Leïla Martial entstanen ass. "Amanecer" ass en engagéierten Disk fir d'Mënscherechter vun Artisten, déi och beréiert si vun der Poesie, der Schéinheet am Allgemengen a vum Austausch mat aneren Artisten.

Bei The Smile héiere mir e Sound an eng Stëmm, déi mir kennen, et ass e Säite-Projet vum Thom Yorke an Johnny Greenwood vun The Radiohead zesumme mam Batteur Tom Skinner vun The Sons Of Kemet. Den Thom Yorke denoncéiert mat sengen Texter d'Hypokrisie vun der politescher Klass, déi d'Mënschen diviséiere wëllt, a mir ginn invitéiert zesummenzehalen an ze resistéieren.

D'Kate Tempest heescht elo Kae Tempest. D'Englännerin huet en neien Album "The Line Is A Curve", wou si iwwer Verletzlechkeet an Selbstentbléissung erzielt.

D'Angélique Kidjo huet no siwe Joer och en neien Album: "Mother Nature". Déi bekannten afrikanesch Artistin aus dem Benin beschäftegt sech hei mat der Natur, de Klima-Froen awer och mat aneren Theeme wéi Rassen-Ongerechtegkeet a Polizei-Gewalt. Hir Musek ass onbeschwéiert positiv bis lëschteg mat dës Kéier komplexen Inhalter.

Endlech kann och erëm de Womad Festival am Charlton Park iwwer d'Bün goen, dëst Joer vum 28.-31. Juli. Ënner villen aneren interessanten Artisten ass d'Kae Tempest derbäi, an zu den Têtes d'Affiches zielt den Nitin Sawhney. Hei fannt Dir déi ganz Programmatioun, et ass derwäert!

Musek

Episoden

Keys

Dub, Reggae an eng Legend vum Genre, déi d'Fraen an de Virdergrond vu sengem neie Projet stellt, Voodoo Kläng vun New Orleans, en anzestraalt Wëssen an en irresistibele Boogie
headphones

57 min

play_arrow

Heartstrings

Eng engagéiert Diva an e jonke Griot aus Westafrika, nei spannend Disken, déi sech ukënnegen an d'Klassik, déi de Pop infiltréiert.
headphones

57 min

play_arrow

Heartstrings

Eng engagéiert Diva an e jonke Griot aus Westafrika, nei spannend Disken, déi sech ukënnegen an d'Klassik, déi de Pop infiltréiert.
headphones

57 min

play_arrow

Anomaly

En Instrument, mat Ursprong op d'Maharadscha-Häff, e Weltebummler, mat Léift fir afro-amerikanesch Museken, e Multitalent mat engem aussergewéinleche musikaleschen Univers
headphones

60 min

Lost Satellite

Soul aus de States an aus England, e verluerenen Satellit, deen u vergaangen Zäiten erënnert, e Fransous, dee Folk an Onofhängegkeet gär huet a jonk talentéiert Artistinnen ...

Soul

R&B a Soul ginn den Toun un, en Newcomer aus Burundi, e Konzept-Album ronderëm de Poet an Aktivist Jack Hirschman an en Züricher an engem indesche Klouschter

Métissages

Musek aus dem Exil an nei Heemechten, engagéiert an inspiréiert Métissagen, an héichkaräteg Besetzungen
headphones

60 min

play_arrow

Métissages

Musek aus dem Exil an nei Heemechten, engagéiert an inspiréiert Métissagen, an héichkaräteg Besetzungen
headphones

60 min

play_arrow

Groove & Dirty Jazz

Eng Hymn un d'Sonn mat Saxofon, begleet vun engem Séisswaasser Tiger, e Kollektiv, dee sech mat der Migratioun ausenanersetzt an en dirty Jazz, dee beréiert!

Eng oppe Fënster op d'Welt

Explosiv Téin aus Südafrika, Highlighten aus dem Detroiter Label Strata Records hirem Katalog revisitéiert, e bekannte Museker elo Solo ënnerwee ...

New releases

E Sitar-Virtuos, hot Neuseelänner, Geschichten aus néng Liewen, en Engelswiesen an e franséische Vull, deen net nëmme "Quii Quii mécht.
headphones

60 min

play_arrow

New releases

E Sitar-Virtuos, hot Neuseelänner, Geschichten aus néng Liewen, en Engelswiesen an e franséische Vull, deen net nëmme "Quii Quii mécht.
headphones

60 min

play_arrow

From Kabul to Bamako

En neien Ethio-Jazz-Projet, afrikanesch an elektronesch Elementer co-habitéieren ouni sech op d'Féiss ze trëppelen a keltesch Influenzen, déi hire Polver net verschéissen.
headphones

60 min

play_arrow

Flowers

En Trio, fir deen d'Musek eng Weltsprooch ass, äthiopesch Kläng aus dem Exil, wann d'Wierder Blumme wieren, an en Dram, deen an Erfëllung goung.
headphones

66 min

play_arrow

Les métamorphoses du vide

headphones

60 min

play_arrow