Radioen

On air

Concert  |  Concert

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ New releases

New releases

headphones

60 min

Lauschteren play_arrow

Deen an England gebuerene Sitar-Virtuos Jasdeep Singh Degun proposéiert op sengem Debutalbum "Anomaly" eng Musek, déi am ale Repertoire vum Raga verankert ass mat zäitgenësseschem Flair.


Eng weider interessant Decouverte ass den neien a fënneften Album, schlicht "V" iwwerschriwwe vun der neuseelännescher Formatioun L.A.B. De Grupp experimentéiert mat multipele Genren: Reggae, Soul, Funk a Blues a schaaft e wierklech eklektesche Sound.


Den neien Album "Nine Lives" vun der amerikanescher Soul-Sängerin an all-round Artistin Kendra Morris léisst Lidder aus verschiddene Liewen erkléngen ...wéi bei de Kazen, déi néng Liewen hunn.


Zwee Extraite vun der Schwäizer Formatioun Black Sea Dahu, eng Indie-Folkband ronderëm d'Songwriterin Janine Cathrein an hir Geschwëster Vera a Simon.


Den talentéierten an diskrete Saxofonist Laurent Bardainne huet sech mam Jazz Quartett Tigre d'eau douce zesumme gedi fir en éischte gemeinsamen Album "Hymne au soleil".


D'Britte vun Nightmares On Wax, zanter 30 Joer publizéiere si Trip-Hopp an Techno Placken, op hirem neien Opus "Shout Out! To Freedom ..." héiere mir d'Gaaschtinvitéë Greentea Peng, OSHUN, Haile Supreme an Shabaka Hutchings.


"Set Sail", deen néngten an neien Album vun der Blues-Rock Band North Mississippi Allstars mam Lamar Williams Jr. als Gaascht-Stëmm.


De Seraphin, en Engelswiesen oder ee vum Computer generéierte Personnage? Nee, hien existéiert wierklech an an Zukunft wäerte mir nach méi vun him héieren.


Playlist:



Jasdeep Singh Degun - Ulterior Motives

L.A.B - Proud Man - L.A.B V

Kendra Morris - Who We Are - Nine Lives

Black Sea Dahu Glue - I Am My Mother

Black Sea Dahu - Affection - I Am My Mother

Laurent Bardainne & Tigre d'Eau Douce - Oiseau (feat. Bertrand Belin) - Hymne au soleil

Nightmares On Wax - Up To Us (feat. Haile Supreme) -Shout Out! To Freedom ...

Nightmares On Wax - Imagineering -Shout Out! To Freedom ...

Sarah Lenka - Last Kind Words - Mahala - EP

North Mississippi Allstars - Outside (Featuring Lamar Williams Jr.) - Set Sail

Seraphin - Carolina Lunch Time - Carolina Lunch Time - Single

The Jazz Butcher - Time - The Highest in the Land

Michael Kiwanuka - Love & Hate - Love & Hate


Episoden

All Lives Matter!

Decouverten aus Israel, Zypern, Hawaii, Finnland, Amerika, Schottland ... an e Retour an d’70er.
headphones

56 min

play_arrow

cool tracks

Vill Decouverten, nei Disken a virun allem vill Soul

cool tracks

Vill Decouverten, nei Disken a virun allem vill Soul
headphones

56 min

play_arrow

Impressions

Eng Benefice-Anthologie mat Inediten, Surf-Musek aus Japan an nei Stëmmen aus dem Jazz
headphones

56 min

play_arrow

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt
headphones

56 min

play_arrow

Sages comme des sauvages

Singer-Songwriting aus England, Däitschland, Amerika, der Sahelzon, der Guadeloupe an Nigeria
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes, Découvertes

En erfrëschende Ska, engagéierte Rap vu Puerto Rico an eng zäitlos Romantik
headphones

55 min

play_arrow

Do Angels Need Haircuts?

Nei Disken, d’Vertrieder vun der jonker Touareg-Generatioun, e Gedicht revisitéiert, en Instrument mat engem laangen Hals an en Hiphopper, dee sech fir d’Folkmusek interesséiert.
headphones

55 min

play_arrow

One World

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.

Un Printemps 2025

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.
headphones

56 min

play_arrow

Kalashnik Love

Eng rar Pärel aus den ufanks 70er, Skandinavier, déi op d’Kläng vun New Orleans stinn, e rockege Ma’luf an nach e puer Decouverten aus Kanada, Pakistan a Vietnam
headphones

56 min

play_arrow

Só Quero Vive

E Singer-Songwriting mat schéinen Texturen, en Ofstiecher an d’Schwäizer Alpen a brasilianesch Kläng aus England
headphones

56 min

play_arrow

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor
headphones

56 min

play_arrow

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren
headphones

56 min

play_arrow

Los Angeles Rising

Deen neie Benefice-Album “Los Angeles Rising” mat 15 Artisten, déi Lidder offréiert hunn. De Benefice vun der Vente geet un Artisten, déi vun de Bränn zu LA betraff sinn. An deen neien Album vun Détroit ass och derbäi.
headphones

56 min

play_arrow

Flower of the soul

Vill spannend Decouverten: vun New Orleans, aus Brasilien, Schweden an der Belsch
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes

Vill Decouverten: en Ausflug an d’Créolitéit vun der Celia Wa, mir entdecken de kanadeschen Roots-Rock Singer-Songwriter Jeremie Albino an deen talentéierten Elliott Armen aus der Bretagne.
headphones

56 min

play_arrow