Radioen

On air

Concert  |  Concert

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

Anomaly

headphones

60 min

Lauschteren play_arrow

Jasdeep Singh Degun, deen an England gebuerenen indesche Museker huet säin Debut Album "Anomaly" via Real World erausbruecht an de ganzen Album ass elo disponibel.


Déi traditionell nord-indesch Musek ass beim Jasdeep grad esou verënnerlecht, wéi déi westlech Museken, ee schonn aussergewéinleche Klang. Et sollt een net vun co-Habitatioun vu Stiler schwätzen, mee vun engem carrement neie Klang! En Album ronderëm d'Sitar, en Instrument, deem säin Ursprong um den Häff vun den Maharadschas ass.


Deen an Afrika gebuerene Weltebummler Bibi Tanga schafft mat senge The Selenites un engem neien Album. Eng éischt Single ass elo disponibel.


Technicolor Hobo, de Grupp vu Marseille, vermëscht de Rock mam Jazz a mat de psychedeleschen Atmosphären. "Are You Where You Want to Be?" koum d'lescht Joer via Abstract Sensatiouns eraus.


Dem franséisch-koreanesche Multi-Talent Oan Kim säi Schafen ass impressionnant: Fotograf, Realisateur, Ausstellungen zu Paräis an New-York ... als Museker Multi-Instrumentalist an dann och nach e musikaleschen Univers, wéi keen zweeten!


The Jazz Butcher ass eng englesch Formatioun ronderëm de Museker a Songwriter Pat Fish an dem Gittarist Max Eider, déi zesummen zanter den ufanks 80er Disken erausbruecht hunn. "The Highest in the Land" ass hiren neien Album, deen nach zesumme mam Pat Fish entstanen ass, awer no sengem Doud erauskoum. Dëse wousst, datt hie krank wier a warscheinlech net méi laang liewe wäert. Op "The Highest in the Land" faast hie sech op eng ironesch Aart a Weis mat dëser Fatalitéit.


Mir entdecken och den eegenen Univers vum englesche Singer-Sonwriter Michael Wookey.


Playlist:



Jasdeep Singh Degun - Anomaly - Anomaly

Jasdeep Singh Degun - Translucence - Anomaly

Jasdeep Singh Degun - Sajanava - Anomaly

Bibi Tanga & The Selenites - The Good Side of Your Face - The Good Side of Your Face

Laurent Bardainne, Celia Wa & Tigre d'Eau Douce - Jou en nou rivé - Hymne au soleil

Kraked Unit - Lucky Charm (Album Mix) [feat. Piers Faccini] - Ce qui nous lie (Bande originale du film)

Technicolor Hobo - That's No Lie - Are You Where You Want to Be?

TaxiWars - Drop Shot - Artificial Horizon

Oan Kim - Whispers - Oan Kim & the Dirty Jazz

The Jazz Butcher - Time - The Highest in the Land

Michael Wookey - The Fighter That Won - My Casio Catharsis - EP

Csaba Palotai - La Cabane - Cabane Perchée

Green Moon Tribe - City Wok (feat. Lorcan Fahy, Téo Crommen, Lucas Deru, Antoine Dawans, Antoine Rotthier & Thierry Crommen)

Avishai Cohen - When I'm Falling - Two Roses




Episoden

All Lives Matter!

Decouverten aus Israel, Zypern, Hawaii, Finnland, Amerika, Schottland ... an e Retour an d’70er.
headphones

56 min

play_arrow

cool tracks

Vill Decouverten, nei Disken a virun allem vill Soul

cool tracks

Vill Decouverten, nei Disken a virun allem vill Soul
headphones

56 min

play_arrow

Impressions

Eng Benefice-Anthologie mat Inediten, Surf-Musek aus Japan an nei Stëmmen aus dem Jazz
headphones

56 min

play_arrow

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt
headphones

56 min

play_arrow

Sages comme des sauvages

Singer-Songwriting aus England, Däitschland, Amerika, der Sahelzon, der Guadeloupe an Nigeria
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes, Découvertes

En erfrëschende Ska, engagéierte Rap vu Puerto Rico an eng zäitlos Romantik
headphones

55 min

play_arrow

Do Angels Need Haircuts?

Nei Disken, d’Vertrieder vun der jonker Touareg-Generatioun, e Gedicht revisitéiert, en Instrument mat engem laangen Hals an en Hiphopper, dee sech fir d’Folkmusek interesséiert.
headphones

55 min

play_arrow

One World

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.

Un Printemps 2025

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.
headphones

56 min

play_arrow

Kalashnik Love

Eng rar Pärel aus den ufanks 70er, Skandinavier, déi op d’Kläng vun New Orleans stinn, e rockege Ma’luf an nach e puer Decouverten aus Kanada, Pakistan a Vietnam
headphones

56 min

play_arrow

Só Quero Vive

E Singer-Songwriting mat schéinen Texturen, en Ofstiecher an d’Schwäizer Alpen a brasilianesch Kläng aus England
headphones

56 min

play_arrow

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor
headphones

56 min

play_arrow

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren
headphones

56 min

play_arrow

Los Angeles Rising

Deen neie Benefice-Album “Los Angeles Rising” mat 15 Artisten, déi Lidder offréiert hunn. De Benefice vun der Vente geet un Artisten, déi vun de Bränn zu LA betraff sinn. An deen neien Album vun Détroit ass och derbäi.
headphones

56 min

play_arrow

Flower of the soul

Vill spannend Decouverten: vun New Orleans, aus Brasilien, Schweden an der Belsch
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes

Vill Decouverten: en Ausflug an d’Créolitéit vun der Celia Wa, mir entdecken de kanadeschen Roots-Rock Singer-Songwriter Jeremie Albino an deen talentéierten Elliott Armen aus der Bretagne.
headphones

56 min

play_arrow