Radioen

On air

Concert  |  Concert

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Eng oppe Fënster op d'Welt

Eng oppe Fënster op d'Welt

headphones

56 min

Lauschteren play_arrow

Decouverte vun dëser Woch sinn ë. a. déi explosiv BCUC aus Südafrika. Hire Sound zitt seng Influenzen aus de Racinne vun den anzestralen Ethnien a grad esou aus dem Free-Jazz, der Soul an dem Punk Rock.


De Kollektiv Jazzanova, deen zu Berlin baséiert ass, ass vum Label Strata Records vum Detroit-Label, deen zanter 1974 aktiv ass - invitéiert gi fir verschidden Highlighten aus hirem Katalog nei auszeschaffen, ze re-interpretéieren an nei ze erfannen. "Creative Musicians" ass elo déi éischt Single.


Eng nei Anthologie aus der Serie "Future Sounds of Jazz", de Vol. 15 ass elo do mat aacht exklusive bis ewell nach net verëffentlechten Delikatessen, eng dovunner ass den "Esa Williams Remix" vu Bantu Clan Vs Sarabi hirem "Africa Ni Leo".


Daniel Rossen, en Numm, deen eis vläicht näischt seet, mee et handelt sech hei ëm de Multiinstrumentalist, Sänger a Songwriter, dee véier Diske mat der New Yorker Formatioun Grizzly Bear opgeholl huet. Elo koum säin éischte Solo-Album ënner sengem Numm eraus: "You Belong There".


Déi englesch Specials si bekannt zanter den 80er net nëmme fir hiren irresistibele Bluebeat, mee och fir hiren Asaz géint de Rassismus. De Fall vum George Floyd war den Trigger fir am Lockdown eng Kollektioun vu Lidder zesummenzestellen, "Protest Songs 1924-2012" iwwerschriwwen. Dëst ass eng Kollektioun vu Coveren, déi sech op déi eng oder aner Aart a Weis mat Ëmstänn ausenanersetzen, déi eventuell esou Situatiounen iwwerhaapt méiglech maachen.


De brasilianesche Museker Luiz Murá ass faszinéiert vun der Bossa Nova, dem Jazz, den traditionelle Museken an der Improvisatioun. Säin neien Album "Origem" ass eng oppe Fënster op d'Welt.


De Sänger Rodrigo Cuevas, deen de Folk an déi traditionell Museken aus dem Norde vu Spuenien op eng schonn zimmlech extreem Aart a Weis moderniséiert, ass e richtegen Troublemaker vum traditionelle Genre ...


De brittesche Museker, Produzent an DJ Scrimshire huet eng ausgepräägte Leidenschaft fir d'Soul aus de 70er Joren. Dem Scrimshire säi sechsten an neien Album "Nothing Feels Like Everything" sëtzt sech mat de ville Gefillslagen ausenaner, an déi de Lockdown eis eraforcéiert huet: d'Absence vum physesche Kontakt, d'Absence vun der Léift, vun der Empathie an och d'Absence vu Respekt.


Playlist:



BCUC - Yinde (Short Version) - Our Truth

Jazzanova - Creative Musicians (feat. Sean Haefeli) [Waajeed Remix] - Creative Musicians (Waajeed & Henrik Schwarz Remixes) - EP

Bantu Clan vs. Sarabi - Africa Ni Leo (Esa & Nonku Phiri Kaap Mix) - Future Sounds of Jazz Vol. 15

Daniel Rossen - Shadow in the Frame - You Belong There

Metronomy - Loneliness on the run - Small World

The Dead South - People Are Strange - Easy Listening for Jerks, Pt. 2

LUMP, Laura Marling & Mike Lindsay - Animal - Animal

The Specials - Everybody Knows - Protest Songs 1924 - 2012

Luiz Murá - Até o Sol Raiar - Origem

Rodrigo Cuevas & Raül Refree - Muerte en Motilleja (feat. Adufeiras de Salitre) - Manual de Cortejo

Scrimshire - Heron (feat. Miryam Solomon) - Nothing Feels Like Everything - The Brkn Record - On the Daily (feat. Ugochi Nwaogwugwu) - The Architecture of Oppression, Pt. 1


Episoden

All Lives Matter!

Decouverten aus Israel, Zypern, Hawaii, Finnland, Amerika, Schottland ... an e Retour an d’70er.
headphones

56 min

play_arrow

cool tracks

Vill Decouverten, nei Disken a virun allem vill Soul

cool tracks

Vill Decouverten, nei Disken a virun allem vill Soul
headphones

56 min

play_arrow

Impressions

Eng Benefice-Anthologie mat Inediten, Surf-Musek aus Japan an nei Stëmmen aus dem Jazz
headphones

56 min

play_arrow

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt
headphones

56 min

play_arrow

Sages comme des sauvages

Singer-Songwriting aus England, Däitschland, Amerika, der Sahelzon, der Guadeloupe an Nigeria
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes, Découvertes

En erfrëschende Ska, engagéierte Rap vu Puerto Rico an eng zäitlos Romantik
headphones

55 min

play_arrow

Do Angels Need Haircuts?

Nei Disken, d’Vertrieder vun der jonker Touareg-Generatioun, e Gedicht revisitéiert, en Instrument mat engem laangen Hals an en Hiphopper, dee sech fir d’Folkmusek interesséiert.
headphones

55 min

play_arrow

One World

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.

Un Printemps 2025

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.
headphones

56 min

play_arrow

Kalashnik Love

Eng rar Pärel aus den ufanks 70er, Skandinavier, déi op d’Kläng vun New Orleans stinn, e rockege Ma’luf an nach e puer Decouverten aus Kanada, Pakistan a Vietnam
headphones

56 min

play_arrow

Só Quero Vive

E Singer-Songwriting mat schéinen Texturen, en Ofstiecher an d’Schwäizer Alpen a brasilianesch Kläng aus England
headphones

56 min

play_arrow

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor
headphones

56 min

play_arrow

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren
headphones

56 min

play_arrow

Los Angeles Rising

Deen neie Benefice-Album “Los Angeles Rising” mat 15 Artisten, déi Lidder offréiert hunn. De Benefice vun der Vente geet un Artisten, déi vun de Bränn zu LA betraff sinn. An deen neien Album vun Détroit ass och derbäi.
headphones

56 min

play_arrow

Flower of the soul

Vill spannend Decouverten: vun New Orleans, aus Brasilien, Schweden an der Belsch
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes

Vill Decouverten: en Ausflug an d’Créolitéit vun der Celia Wa, mir entdecken de kanadeschen Roots-Rock Singer-Songwriter Jeremie Albino an deen talentéierten Elliott Armen aus der Bretagne.
headphones

56 min

play_arrow