Radioen

On air

Spektrum  |  Kurt Vile - Air Bud

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

Soul

headphones

60 min

Lauschteren play_arrow

Zu London gebuer vu jamaikaneschen Elteren a laang Joren an Australien gelieft: d'Shirley Davis ass haut d'Lead Vokalistin bei de Silverbacks.

Dem brittesche Kollektiv Sault seng Besetzung ass weiderhin onbekannt. Hir Musek verbënnt verschidde Stiler, dorënner zäitgenësseschen R&B, House an Disco.

Als DE Phenomeen aus Neuseeland ginn L.A.B beschriwwen, a fënnef Joer hu si fënnef Disken erausbruecht, eng Decouverte à suivre ...

De J. P. Bimeni ass en 41 Joer jonken Newcomer, dee mat senger Soul weess, vu wat hie sengt, well hien am Biergerkrich am Burundi méi wéi eemol knapps mam Liewen dervukoum.

Coup de coeur-Decouverte: Dräi Joer laang war den Zürecher Fai Baba an engem indesche Klouschter. Zeréckkoum hien als rouege Mënsch an als virwëlzege Museker. Op sengem neien Album sengt hie fir d'éischt a senger Mammesprooch, op Schwyzerdütsch.

De Produzent Schvédranne vu Lyon huet mat den Texter vum mythesche Poet Jack Hirschman vu San Francisco de Konzept Album "Vanity Vanity All Is Vanity" agespillt. Den Jack Hirschman war en amerikanesche Poet a sozialen Aktivist.

"Rejoice" ass de gemeinsamen Album vum nigerianeschen Drummer Tony Allen zesumme mam südafrikaneschen Trompettist Hugh Masekela, iwwerschriwwen. Dës zwee weltbekannt Artiste sinn entretemps verstuerwen, "Rejoice" koum via World Circuit am Mäerz 2020 op de Maart, an déi original Sessions stamen aus dem Joer 2010, wou déi zwou Legende sech zu London iwwer de Wee gelaf sinn.

Och aus Süd-Afrika, grad wéi den Hugh Masekela, kommen BCUC, ee bis zu siwekäppege Kollektiv vu Soweto, deem seng Musek dacks als "afro-psychedelic future Pop" beschriwwe gëtt ...

Am kreative Prozess fräi a senge Choixen ze sinn, dat ass dem Oan Kim wichteg. De franséisch-koreaneschen Artist dréckt sech mol mat senger dokumentarescher Fotografie aus an evoluéiert parallel zu dëser och als Museker, Auteur a Komponist. (Coup de Coeur!)

De brittesche Fusiounstrio vu Manchester GoGo Penguin gëtt als d'Radiohead vum Jazz bezeechent. Zweemol ware si am Atelier programméiert, Concerten, déi ëmmer erëm verluecht goufen an elo fir den 19. Oktober dëst Joer ugekënnegt ginn.

Musek

Episoden

Together

Op der Spuer vun engem Artist a Weltenbummler, en Italieener, deen Jamaika zu senger Walheemecht gemach huet an e puer interessant Kollaboratiounen
headphones

58 min

play_arrow

Tribal Beats

Vill Rhythmus a ganz present Drums bei One World haut, en a seng Eenzeldeeler zerluechte Flamenco an e Retour en Force vun enger Band aus Zambia.
headphones

61 min

play_arrow

The New Tradition

Spannend Kollaboratiounen tëschent Museker aus verschiddene Kulturen, eng Stëmm voll Kraaft vum zäitgenëssesche britteschen R&B an e Retour a vergaangen Zäiten.
headphones

55 min

play_arrow

On The Road I

Sonneg Latino Kläng, déi d’Wolleke verdreiwen, Singer-Songwriting, dee Geschicht geschriwwen huet, a Musek fir ze dreemen oder ze chillen.
headphones

56 min

play_arrow

sunny side up

Musek fir ze chillen, Rhythmen aus dem waarme Süden, walisesch Traditiounen nei interpretéiert an eng virtuos Zitar
headphones

56 min

play_arrow

Desert Blues

Ishumar Musek, déi op Lëtzebuerg kennt, eng Decouverte aus Pakistan, alternative Folk aus Wales …
headphones

61 min

play_arrow

Man in Black

E Virgeschmaach op nei Disken di sech ukënnegen dorënner e posthumen Album vum Johnny Cash. Singer-Songwriting, Soul, Psychedelia a Musek fir ze chillen…
headphones

56 min

play_arrow

Back To Black

Nei-Verëffentlechungen, e Retour an d’70er, an eng Film-Musek di beréiert.
headphones

61 min

play_arrow

Hymne au soleil

Artiste mat engem ganz eegenen Universum, engagéiert Museker fir d’Mënscherechter an d’Natur an e bësse psychedeelesche Feeling ass derbäi, notamment aus Australien.
headphones

56 min

play_arrow

La Rata Bluesera

Blues aus Chile, Spaghetti-Western Feeling an e klenge Retour an d’80er
headphones

56 min

play_arrow

Métissage

Och d’Emissioun dës Kéier verdäitlecht nees, wéi räich den Austausch tëschent de Kulturen an der Musek ass.
headphones

55 min

play_arrow

Fréijoer 2024

Reggae Feeling, e Meeschterwierk, dat net Vergiessenheet gerode soll an en neien Album mat 60es Feeling
headphones

56 min

play_arrow

It Must Change

Musek aus der Sahel-Zon, déi op d’Onofhängegkeetsbestriewunge vun den Touareg opmierksam mécht, eng nei Stëmm am Beräich vun der Soul an e puer cool Lidder
headphones

61 min

play_arrow

Beats and Songwriting

E bësse Punk aus de 70er, Blues, R&B a Roots Musek …a schéi Stëmmen
headphones

56 min

play_arrow

Sparkles

Irresistibel Kläng aus Brasilien, sprëtzeg Metissagen an Traditiounen zäitgenëssesch interpretéier
headphones

57 min

play_arrow

in the mood of…

Hafestied an hir Influenz op d’Musek, e Retour bei den ‘Trip Hop’ aus den Ugangs 90er, e jonkt Nowuess Talent an e längeren Openthalt an der Belsch.
headphones

55 min

play_arrow

Together

Grenzen existéieren an der Musek kaum nach, de weltwäiten Austausch an di géigesäiteg Beräicherung di an eiser ‘globaler Zäit’ méiglech ass brénge spannend an inspiréiert Kläng ervir...
headphones

56 min

play_arrow

The Soul of the Blues

De Blues ass e Styl deen ëmmer wëllkomm ass. Haut kennt en aus Kanada, Amerika an aus Mali
headphones

56 min

play_arrow

Métissages

Den afrikaneschen, australeschen an den europäesche Kontinent treffen dës Kéier zesummen. D’Influenze weisen ëmmer erëm dorops hin, datt d’Musek an d’Kreativitéit keng Beréierungsängschten a keng Virurteeler kennt.
headphones

56 min

play_arrow

Surprises

Singer-Songwriter, déi beréieren, politesch engagéierte Spoken Word, eng Pärel aus de 70er, Kammermusek a schéi Stëmmen, an e Mann, dee sech Coyote nennt ...
headphones

56 min

play_arrow