Radioen

On air

Notturno  |  Father John Misty - Pure Comedy

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Groove & Dirty Jazz

Groove & Dirty Jazz

headphones

60 min

Lauschteren play_arrow

De franséische Multiinstrumentalist Oan Kim spillt de Piano, d'Gei, de Saxofon, d'Gittaren an d'Klavéieren. Hien ass vu ville Stiler beaflosst a säin Album "Oan Kim & the Dirty Jazz" ass e Regal!

De Saxofonist Laurent Bardainne huet mat "Hymne au soleil" säin neien Album zesumme mam Quartett Tigre d'Eau Douce agespillt. De Breton ass en Touche à tout, hei héiere mir Bléiser an engem coole Groove agepaakt. Mat sengem "Tiger" evoluéiert de Klang mat Liichtegkeet tëschent de Genren: vun der Soul aus de 70er bis zum Ethio-Jazz en passant iwwer den Jazz vum Coltrane.

Ethio-Jazz héiere mir och beim Kollektiv Arat Kilo. Hire Projet "Sowal Diabi" sëtzt sech mat der Migratioun ausenaner, e Projet, deen am Austausch mat aneren Artisten zustane koum, dorënner Siar Hashimi (Afghanistan), Aïda Nosrat & Sogol Mirzaei (Iran), Rușan Filiztek (Tirkei | Kurdistan) a Mamani Keita (Mali).

Jasdeep Singh Degun, de klassesch trainéierte Sitar-Spiller a Komponist, erneiert de Raga, säin Debut-Album. "Anomaly" kënnt via Real World Records eraus, zwee Extraite sinn elo schonn disponibel.

Lokum oder Turkish Delight, dat ass jo e gudde pechegen ultraséissen Dessert, mee et ass och eng Formatioun, déi an den Enn 70er vum Orhan Seyfi Çelik gegrënnt gouf. De Multi-Instrumentalist experimentéiert mam Klang vun orientaleschen Instrumenter. Hie gëtt ugesinn als ee vun deenen éischten, déi de Genre Industrial World Music an d'Liewe geruff hunn.

D'Konscht sech selwer ze sinn am Austausch mat aneren, dat bedeit "Djourou", den Album vum Ballaké Sissoko aus dem Mali. "Djourou" ass dëse Lien, deen de Ballaké Sissoko mat anere connectéiert, esou den Artist selwer.

Eng weider Decouverte vun dëser Woch ass den amerikanesche Folk Museker Jake Xerxes Fussell. Hie kënnt aus de Süd-Staaten an ass mam Blues a mat der Country grouss ginn. Haut mat 40 Joer ass den Jake Xerxes Fussell bei sengem véierten Album ukomm, en Disk, deen exzellent Kriticke kritt, ganz einfach well e beréiert mat der Aart a Weis, wéi en déi traditionell Elementer aus dem Folk mat enger moderner Haltung kombinéiert.

Playlist:


Oan Kim - Agony - Oan Kim & the Dirty Jazz
Oan Kim - Whispers - Oan Kim & the Dirty Jazz
Laurent Bardainne & Tigre d'Eau Douce - Sarang - Hymne au soleil
Laurent Bardainne, Celia Wa & Tigre d'Eau Douce - Jou en nou rivé - Hymne au soleil
Joseph Malik - Strange New Places (feat. Lynzie Dray) - Diverse, Pt. 3
Lisa Cat-Berro - Les fleurs de Sakura - Good Days Bad Days
Arat Kilo, Mamani Keita, Rusan Filiztek & Siar Hashimi - Snow in Addis - Sowal Diabi (From Kaboul to Bamako)
Jasdeep Singh Degun - Veer - Anomaly
Turkish Delight - Velvele - Prophecy
Ballaké Sissoko - Djourou (feat. Sona Jobarteh) - Djourou
Jake Xerxes Fussell - Carriebelle - Good and Green Again
Alison Krauss & Robert Plant - Trouble with My Lover - Raise The Roof (Deluxe Edition)
Marisa Anderson & William Tyler Lost Futures - Haunted By Water

Musek

Episoden

Hierscht 2024

Etappen an der Tierkei, Indien, Australien, Portugal an an den Tiroler Bierger
headphones

57 min

play_arrow

One World Tribe

En Afrobeat, dee vum Jazz a vum Soul geniert ass, tribalen Drumming a Globetrotter
headphones

56 min

play_arrow

Diggin’ out Pearls

Diggin’ out Pearls Singer-Songwriter vu gëschter a haut, eng Musekerkoppel ënnerwee tëschent der Tierkei a Frankräich an e Retour an d’Joer 1974

Diggin’ out Pearls

Diggin’ out Pearls Singer-Songwriter vu gëschter a haut, eng Musekerkoppel ënnerwee tëschent der Tierkei a Frankräich an e Retour an d’Joer 1974
headphones

56 min

play_arrow

Chill and move

Musek fir ze chillen, ongewéinlech Influenzen, déi openeen treffen an Neiverëffentlechungen
headphones

56 min

play_arrow

Musek an Aktivismus

Blues, Rock, e bëssen Jazz a staark Gefiller
headphones

57 min

play_arrow

Are You Going With Me

E franséische Produzent, deen op de Sound aus den Trope steet, en Ausfluch bei d’Voodoo-Kultur an e bësse Soul fir d’Séil.
headphones

60 min

play_arrow

War Ina Babylon

Interessant Cover-Versiounen, d’Rhythmen vun den Antillen an der Karibik an e puer onëmgänglech Klassiker
headphones

55 min

play_arrow

One People One World

Jazz, méi oder manner puer, virun allem awer inspiréiert a mat engem ganz eegenen Touch, e bekannte Gittarero zesumme mat enger Flamenco-Sängerin a kolumbianesch Beats fir den Dance Floor
headphones

61 min

play_arrow

The Imagined Village

Musek aus Westafrika, e Sträicherquartett, dee spannend Collaboratiounen ageet, an eng al Geschicht nei erzielt.
headphones

55 min

play_arrow

Summertime

Indie-Pop, Sixties Yè Yè, e Singer-Songwriter, dee Geschicht geschriwwen huet an e Klassiker aus den 80er

Summertime

Indie-Pop, Sixties Yè Yè, e Singer-Songwriter, dee Geschicht geschriwwen huet an e Klassiker aus den 80er
headphones

56 min

play_arrow

Summer 2024

Bléiser vun New Orleans, deen neie Sound vu Rio de Janeiro, Folk aus England … de Womad Festival 2024 mécht an e puer Deeg seng Dieren op! Vum 25.-28. Juli am Charlton Park Malmesbury.

Summer 2024

Bléiser vun New Orleans, deen neie Sound vu Rio de Janeiro, Folk aus England … de Womad Festival 2024 mécht an e puer Deeg seng Dieren op! Vum 25.-28. Juli am Charlton Park Malmesbury.
headphones

56 min

play_arrow

Timeless

Zäitgenossen aus dem Acid-Jazz, der Soul an dem Blues, eng interessant Renconter an en Disk, dee Geschicht geschriwwen huet.
headphones

56 min

play_arrow

Summer 24

DelikateSinger-Songwriting, eng begaabte Gittaristin, e klénge musikaleschen Trip duerch de Summer 2024 an den zäitgenësseschen Ausdrock mat neien Techniken.
headphones

56 min

play_arrow

Together

Op der Spuer vun engem Artist a Weltenbummler, en Italieener, deen Jamaika zu senger Walheemecht gemach huet an e puer interessant Kollaboratiounen
headphones

58 min

play_arrow

Tribal Beats

Vill Rhythmus a ganz present Drums bei One World haut, en a seng Eenzeldeeler zerluechte Flamenco an e Retour en Force vun enger Band aus Zambia.
headphones

61 min

play_arrow

The New Tradition

Spannend Kollaboratiounen tëschent Museker aus verschiddene Kulturen, eng Stëmm voll Kraaft vum zäitgenëssesche britteschen R&B an e Retour a vergaangen Zäiten.
headphones

55 min

play_arrow

On The Road I

Sonneg Latino Kläng, déi d’Wolleke verdreiwen, Singer-Songwriting, dee Geschicht geschriwwen huet, a Musek fir ze dreemen oder ze chillen.
headphones

56 min

play_arrow